Northern Big Band feat. KRICK

“The Northern Big Band”

De Marc Heitz, Grënner vun der Big Band, an e puer Frënn haten d’Iddi Big Band Musek ze spillen. Awer net dee modernen, mee éischter dee klasseschen Jazz aus der original Big Band Era. Als Zäitfënster gouf heifir d’Joren 1930 bis 1970 geholl. Den Numm “The Northern Big Band” gouf gewielt, well am Ufank d’Musikanten aus dem Norde vum Land koumen. Mëttlerweil kommen eis Musikanten aus verschiddene Regiounen aus dem ganze Land an d’Prouwen.

Wa mir op eisen éischte Concerten haaptsächlech Glenn Miller, Sammy Nestico an Duke Ellington gespillt hunn, hu mir awer no an no och nei Stécker an Arrangementer vu bekannten Jazz- a Big Band-Standards an de Programm geholl. Mir spillen déi Big Band Musek mat groussem Spaass an zu Ärer Freed.

Des Weidere si mir och immens frou, d‘Krick aka Christine Heitz als Sängerin derbäi ze hunn. D’Christine, mat senger schéiner Stëmm, gëtt mat neie Songs nach méi an de Programm agebonnen an domat dierft en ofwiesslungsräiche Programm garantéiert sinn.

Dir sidd häerzlechst invitéiert een – oder gären och méi – vun eise Concerte lauschteren ze kommen. D’Terminer a weider Informatioune fannt Dir op eisem Internet-Site www.nbb.lu. Mir géifen eis op alle Fall freeën, Iech ze begéinen an ze ënnerhalen.

KRICK aka Christine HEITZ (Gesang)

D’Christine gouf 1997 an eng musikalesch Famill gebuer: seng Elteren ware Member vun enger Museksgrupp, déi däitsch traditionell Musek gespillt huet. Hatt mécht seng éischt musikalesch Erfahrungen als Sängerin an enger Schoulmusek.

2014 grënnt hatt eng Coverband mam Numm “The Daydreamer” mam Damien op der Gittar, déi Hits an enger erfollegräicher Duo-Versioun spillt. Hatt fänkt als Singer-Songwriter an enger Schoulband un a wiisst zu enger talentéierter jonker Swing-Sängerin.

Dat selwecht Joer engagéiert d’NBB d’Christine fir e puer Titelen op hir Concerten. Si hu grousse Succès zesummen an aus Spaass un der Musek gëtt Léift zu de groovy Rhythmen vum Swing.

2017 mécht d’Christine bei “The Voice of Germany” mat. Hatt ass eent vun dräi Lëtzebuerger a packt et als eenzegt Lëtzebuerger Talent bis an d’Sing Offs.

2018 start d’Christine seng Solo-Carrière ënnert dem Numm Krick mat der Début-Single “Fake Cake”.

Lauschtert och séng aner Lidder an déi neisten Produktioun « Sometimes » op séngem YouTube Kanal.

Séng neisten Aventure war den « Eurovision Song Contest » an d’Krick war ënnert den 8 Finalist*Innen am Viirentscheed, dem « Luxembourg Song Contest ». Matt enger excellenter Performance beleet hatt déi 2. Plaz a verpasst esou nëmme knapp den Ticket fir op Malmö op den ESC 2024. (YouTube Link op säi Lidd „Drowning in the rain” hei drënner)

Aller au contenu principal