Eis grouss Mauer op der „Aler Schoul“ krut en neit Gesiicht: d’Aminata Temi, eng Kakaoproduzentin vun der Côte d’Ivoire.
E lokalen an ee regionalen Kënschtler – de Jean-Claude Schmitz a Charel Bleser – hunn de Päischtweekend hir Spraydousen a Kreativitéit ganz dem Thema “Fairtrade” dediéiert.
Den artistesche Projet vun der “Fairtrade Wall” ass eng Initiativ vun der ONG Fairtrade Lëtzebuerg, déi am Kader vum Kulturjoer 2022 a vum 30. Anniversaire vu Fairtrade zu Lëtzebuerg entstan ass.
Déi eenzel Realisatiounen op verschiddene Maueren am Land, dorënner Mäerzeg, sensibiliséieren fir de fairen Handel, méi Gerechtegkeet a fir de Respekt vun de Mënscherechter an de Liwwerketten op dëser Welt.
Weider Informatiounen
- Fairtrade Lëtzebuerg
- Projet “Fairtrade Wall” – Cahier de charges
- https://www.mertzig.lu/mertzig4all/fairtrade/
Panneau d’information
Dësen Informatiouns-Panneau kënnt bei déi grouss Mauer stoen a gëtt déi néideg Explikatiounen zu dësem Projet.
Aminata Temi - Productrice de cacao Fairtrade en Côte d'Ivoire.
Passionnée par l’agriculture, la jeune femme met ses connaissances au service de sa coopérative et de sa communauté. Elle s’engage pour une meilleure inclusion et considération des jeunes.