An Zesummenaarbecht, a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun de 4 Leader-Regiounen (Atert-Wark, Éislek, Mëllerdall a Lëtzebuerg West) huet d’ASBL Autisme Luxembourg vu Biekerech am Januar 2020 en ambitiéisen an innovative Projet initiéiert, de Projet ARNU: „Archives régionales numérisées“. D’Zil vun dësem Projet ass d’Erhale vum kulturellen an historeschen Ierwen duerch Digitaliséierung an Indexéierung vun Dokumenter fir all Mënsch den Zougang zu dësen Ënnerlagen iwwer eng digital Plattform ze garantéieren.
Well d’Buch „Mertzig 2000“ mëttlerweil vergraff ass an och keng digital Dokumenter méi zur Verfügung stoungen, huet d’Gemeng Mäerzeg der ASBL Autisme Luxembourg den Optrag ginn fir dëst eemolegt Wierk ze digitaliséieren, wou mir iech d’Resultat hei kënnen fräi zur Verfügung stellen. Mir wënschen eng gutt Lektür a soen dem äifregen Organisatiounscomité vun deemols an den Auteure vun den Texter villmools Merci fir hir wäertvoll Publikatioun.