LU
Säit 2014 kënne lëtzebuergesch Gemengen un der Campagne « TOUR DU DUERF » deel huelen. Grënner vun dëser Campagne ass de Klimabündnis, dat gréissten Netzwierk vu Stied, Gemengen a Regiounen, dat sech fir de Klimaschutz asetzt.
A Lëtzebuerg gëtt d’Campagne vum Verkéiersbond an dem Klimabündnis Lëtzebuerg organiséiert.
Zil vum Tour du Duerf ass et de Klimaschutz ze promovéieren an d’Bierger ze encouragéiere sech mam Vëlo ze déplacéieren.
D’Gemeng Mäerzeg ass houfreg Iech kënnen matzedeelen, dass mir och dëst Joer erëm um « Tour du Duerf » deelhuelen.
Dëst Joer fënnt d’Manifestatioun vum 10. bis den 30. September 2022 statt.
Déi gefuere Kilometer kënne vun all Vëlofuerer online agedroe ginn. Des Resultater erméiglechen den Verglach vun den verschiddenen Équipen aus enger Gemeng, sou wéi och d’Gemengen ënnertenee.