11/02/2021 – Réunion du Conseil communal

Le Conseil communal se réunit en date du jeudi, 11 février 2021 à 16h00 pour délibérer sur les points suivants:

  1. Approbation
    1. d’un acte notarié
    2. d’une convention
    3. d’une vente
    4. de plusieurs compromis de vente
    5. de l’adhésion de la Commune de Walferdange au Syndicat intercommunal « SICONA »
  1. Aménagement communal
    1. Approbation d’un morcellement
    2. Approbation d’un PAP – nouveau quartier « Rue de l’École »
    3. Approbation d’un devis – Projet de réaménagement du parking derrière la Mairie
  1. Confirmation de plusieurs règlements de circulation temporaire
  1. Modification du règlement général de circulation
  1. Repas sur roues – Adaptation du prix du vente
  1. Communication du Plan Pluriannuel Financier (PPF)
  1. Renouvellement de l’adhésion à l’initiative « Mayors for Peace »
  1. Résolution contre un accord de libre-échange obsolète « EU – MERCOSUR »
  1. Demande de classement du château « Turelbaach » comme monument national
  1. Office social « OSNOS » – Nomination d’un représentant au Conseil d’administration
  1. Communications

Document

20210211_00_Convocation

Chantiers – Circulation (25.01.21)

Il est porté à la connaissance du public qu’à partir du lundi, 25 janvier 2021 des travaux seront exécutés dans la Rue de Michelbouch et la Rue de Merscheid.

La circulation dans les rues concernées est réglée à partir de cette date et pendant toute la durée des travaux, comme suit:

Rue de Michelbouch // Durée: +/- 3 semaines

  • La circulation est réglée par feux tricolores, entre la « Seniorenresidenz » et l’intersection avec la Rue de l’École. La Rue de l’École, tronçon allant de la Rue de Michelbouch jusqu’à « Kierchepad », est également affectée par cette réglementation.

Rue de Merscheid // Durée: +/- 1 semaine

  • La Rue de Merscheid est barrée à toute circulation (sauf riverains, services communaux et services d’urgence), à partir du réservoir d’eau en direction de Merscheid et jusqu’à l’intersection avec le CR314.

Merci de votre compréhension.


Documents

Prévention des cambriolages – caves et garages communs

PRÉVENTION DES CAMBRIOLAGES CAVES ET GARAGES COMMUNS

Depuis quelques mois, la Police constate une forte augmentation du nombre de cambriolages dans les caves et garages communs.

MIEUX VAUT PRÉVENIR !

• N’ouvrez pas sans vérification la porte d’entrée principale de la résidence ;
• Verrouillez toujours l’accès aux caves et garages privés ;
• Ne gardez aucun objet de valeur dans les garages et caves ;
• Sécurisez les vélos séparément ;
• Si vous rencontrez des personnes étrangères à la résidence, n’hésitez pas à les interpeller ;
• Alertez immédiatement la Police en cas d’observations suspectes.


Pour plus d’informations et de conseils gratuits, renseignez-vous auprès du service de prévention de la Police :

Service national de prévention de la criminalité
(+352) 244 24 4033
prevention@police.etat.lu
www.police.lu 

Cité Policière Grand-Duc Henri
1 A-F, rue de Trèves
L-2632 Luxembourg

20201218-A3-Cambrio-Apparts-web

A télécharger

Affiche 

 

E puer Geschichten op Chrëschtdag

D’Potty Lotty erzielt e puer Geschichten:

“Weihnachten in der Speisekammer”

Auteur: Paula Dehmel

  • Public: < 5 Joer
  • Sprooch: Lëtzebuergesch

“In Hülle und Fülle”

Auteur: Anonym

  • Public: > 5 Joer
  • Sprooch: Däitsch

E puer Geschichten op Chrëschtdag

Dës zwou Geschichten sinn de 24. Dezember 2020 hei op Mertzig.lu ze héieren an ze gesinn. Einfach deen Dag nach eemol laanscht luusse kommen.

Schéi Feierdeeg – Bonnes fêtes

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

2020 ass ee Joer wat mir soubal net vergiessen. D’Gemeng Mäerzeg konnt den 12. Mäerz nach esou just déi grouss a gutt besichten Informatiounsversammlung zum neie Bebauungsplang (PAG) ofhalen, no der Saisine an dem positive Vote vum Gemengerot de 27. Februar 2020. Zënter hier ass näischt méi wéi virdrun. D’Situatioun ass a bleift ganz eescht. Et ass eng Stresssituatioun fir jidderee vun eis an et hätt een et endlech gären hannert sech. Keng Festivitéiten, kee Veräinsliewen, ageschränkte bis guer keng Veräinsaktivitéiten, keng Seniorefeier, kee Chrëschtmaart, keng Neijoerschreceptioun 2021. Déi mënschlech Kontakter an d’Gesellegkeet feelen an de Réckbléck op 2020 kann nëmmen traureg ausfalen.

Mir däerfen awer net opginn a weider eisen Deel dozou bäidroe fir d’Situatioun an de Grëff ze kréien. Et ass weiderhin eng kollektiv Responsabilitéit fir d’sozial Kontakter maximal ze reduzéieren. D’Personal an de Spideeler schafft um Limitt. Si hunn eis Dankbarkeet, eise Respekt an eis Solidaritéit verdéngt. Kommt mir maachen dofir all nach d’Efforten an halen eis un d’Consignë fir eis géigesäiteg ze beschützen a fir z’evitéieren dass eise Gesondheetssystem zesummebrécht. Maacht dat wat néideg ass a probéiert op dat ze verzichten, wat net néideg ass. Et geet ëm Iech, et geet ëm eis, et geet ëm jiddereen.

D’Gemeng Mäerzeg huet trotz den Ëmstänn sou gutt et geet weidergeschafft. De Chantier vun der inklusiver Renovatioun vum Gemengenhaus huet just ee klenge Retard kritt. Ouschteren 2022 ass ee realistescht Zil fir d’Aarbechten ofzeschléissen. Den iwwerfällege Chantier vun der Rue de l’école, engem Deel vun der „Gaass“ wéi och der „Gaessel“ konnt wéi geplangt Enn September ufänken a leeft bis elo no Plang, bis viraussiichtlech September 2021. Wéi bei all kompletter Stroossenerneierung ass et eng schwiereg Situatioun fir d’Awunner an dësem Beräich duerch de Kaméidi an de Knascht. Zesumme mat den Entreprisen ziele mir op Äert Verständnis a freeën eis elo schonn op déi nei Strooss an déi nei Infrastrukturen.

D’Equipe vun der Regie ass och zënter Oktober nees komplett besat. De Schäfferot huet eng Reorganisatioun virgeholl a verschidde Servicer geschaf, fir esou d’Responsabilitéiten och op méi Schëlleren opzedeelen. Et gouf dëst Joer och vill a neit zäitgeméiss Aarbechtsmaterial investéiert, dorënner e neien Trakter deen der Gemeng eng méi grouss Flexibilitéit am Wanterdéngscht bitt.

Déi nei Mataarbechter am Sekretariat a Service technique hu sech a kuerzer Zäit exemplaresch ageschafft a sinn eng grouss Stäip fir déi vill Erausfuerderungen ze meeschteren. Eng zousätzlech Belaaschtung fir déi meescht sinn nach nieft der Aarbecht Coursen ze suivéieren an Examen ze schreiwen. Mir wënschen do weiderhi vill Ausdauer a „Bonne chance!“

D’Online-Offer gëtt weider konsequent ausgebaut. D’sozial Medie spillen do eng ëmmer méi grouss Roll. D’App „Mertzig“ fir Android & iOS Smartphones ass disponibel an z.B. ganz nëtzlech am Kader vun der SIDEC-Reform mat Push-Noriichte fir d’Offallkollekt. Natierlech informéiert d’Gemeng och weiderhin iwwert Pabeier an de Gemengebuet „Martiaco“ dokumentéiert ausféierlech iwwert d’Politik an d’Liewen an der Gemeng.

Nieft de ville lafende Projeten hu mir och d’Freed fir Iech iwwert dës gutt Noriichten aus de leschte Wochen z’informéieren. De Gemengerot huet rezent eestëmmeg de Compromis de vente ugeholl deen de Schäfferot mat der Madamm Anny Gilson ënnerschriwwen huet: d’Gemeng Mäerzeg gëtt Proprietär vum „Turelbaacher Schlass“ an huet sech engagéiert fir dëse Site der Allgemengheet zougänglech ze maachen an ënnert anerem d’Wierk vum Pol Gilson ze honoréieren.

Mir gedenken all de Mäerzeger déi eis déi lescht Méint verlooss hunn a sinn a Gedanke bei de Famillen an Trauer. Traureg Ëmstänn hunn erginn dass d’Gemeng séier huet missten handele betreffend d’Neigestaltung vum Parking hannert der Gemeng. Déi ganz Plaz hannert dem Gemengenhaus gëtt nom Nikki Besch genannt, nodeems de Nikki eis am Fréijoer dëst Joer onerwaart verlooss huet, a nodeems de Gemengerot dem Kaf vu sengem Haus zougestëmmt huet. Fir de Parking méi iwwersiichtlech a sécher ze gestalte gëtt d’Haus ofgerappt. Duerch de Numm vun der Plaz setze mir dem Nikki Besch, ënnert anerem wärend 84 Joer engagéierte Sänger an der „Chorale Ste Cécile Mäerzeg“, een Denkmal. Dëse Chantier ass och fir 2021 virgesinn a kann da parallel mam Chantier vun der Gemeng 2022 ofgeschloss ginn.

Am Bësch „Säitert“ kritt Mäerzeg e Bëschkierfecht. De Projet ass approuvéiert a gëtt 2021 realiséiert. Donieft huet de Gemengerot d’Prozedur lancéiert fir eng gréisser Zon vum Bësch als « Natura 2000 » Schutzgebitt ze klasséiere wou dann och een didaktesche Léierpad ausgeschafft gëtt.

Fir ofzeschléissen ass d’Gemeng frou Iech matzedeelen dass duerch d’Efforten an de leschte Méint Mäerzeg de Gold-Klimapakt-Audit gepackt huet. Esou si mir als 1. Gemeng zu Lëtzebuerg als « Gemeinwohl-Ökonomie-Gemeng » zertifiéiert ginn, nodeems och do Ufank Dezember den Audit stattfonnt huet. De Leader-Projet #Mertzig4all konnt domat ofgeschloss ginn, an awer geet d’Aarbecht elo réischt un. Bei allem wat mir maache sti Wäerter am Mëttelpunkt: Mënschewierd, Gläichbehandlung, Solidaritéit, sozial Gerechtegkeet a Kohesioun, ökologesch Nohaltegkeet, demokratesch Matbestëmmung. De Wirtschaftsmodell vun der Gemeinwohl-Ökonomie hëlleft eis d‘Aarbechten an d‘Efforter z’analyséieren, ze hannerfroen an ze kanaliséieren iwwert d’Instrument vun der Wäertematrix.

De Schäffen- a Gemengerot, wéi och d’Personal vun der Mäerzeger Gemeng, wënscht Iech all schéi Feierdeeg an ee gudde Start an d’Joer 2021. Bleift gesond, hëlleft een deem aneren, weist Solidaritéit a Respekt.

An der nächster Editioun vum „Martiaco“ komme mir ausféierlech op all dës Neiegkeeten zréck. Bis dohinner wënscht de Schäffen- a Gemengerot, wéi och d’Personal vun der Mäerzeger Gemeng Iech all schéi Feierdeeg an ee gudde Start an d’Joer 2021. Bleift gesond, hëlleft een deem aneren, weist Solidaritéit a Respekt. Den Zesummenhalt ass wichteg an der Zäit wou mir liewen.

De Gemengerot

Document

20201217_Xmas_Mertzig

Avis au public – Feux d’artifice interdits

Freedefeier verbueden!

D’Gemeng Mäerzeg rappeléiert dass d’Schéisse vu Freedefeier a Knupperten verbueden ass um Territoire vun der Gemeng, aus Respekt a Schutz vu Mënsch, Déier an der Ëmwelt. Dëse Verbuet baséiert um Artikel 30 vum generelle kommunale Policereglement dat zënter dem 1. Juli 2019 a Kraaft ass.

Mir soen Iech Merci fir Äert Verständnis a wënschen Iech schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer.

De Schäfferot

Feux d’artifice interdits !

La Commune de Mertzig tient à rappeler qu’il est interdit de tirer des feux d’artifice sur le territoire de la Commune et d’y faire exploser des pétards pour des raisons d’ordre public, de protection des animaux et de l’environnement, en application de l’article 30 du règlement général de police de la Commune en vigueur depuis le 1er juillet 2019.


Nous vous remercions de votre compréhension et vous souhaitons de belles fêtes et d’ores et déjà une heureuse nouvelle année.


Le Collège des Bourgmestre et Échevins

17/12/2020 – Réunion du Conseil communal

Le Conseil communal se réunit en date du jeudi, 17 décembre 2020 à 10h00 pour délibérer sur les points suivants:

  1. Approbation
    a. de plusieurs devis
    b. d’une convention
    c. d’une subvention de loyer
  2. Enseignement de musique
    a. Organisation scolaire 2020/21 rectifiée
    b. Avenant à la convention initiale
  3. Modification du règlement-taxe concernant la gestion des déchets
  4. Aménagement communal
    a. Approbation d’un cadastre vertical
    b. Droit de préemption
  5. Approbation d’un emprunt
  6. Budget – Discussion et vote
    a. Budget 2020 rectifié
    b. Budget 2021
  7. Communications

Document

20201217_00_Convocation

Sammelplaz / Entrepôt Butzebierg

LU 

Kleng Adaptatioun:

D’Sammele vum Gréngschnatt (Gras, Straich an Äscht vun Hecken, Blieder aus dem Gaart, asw.) kann elo och an de Wanterméint stattfannen.

Rappel:

A Kollaboratioun mam Forum pour l’emploi steet déi kommunal Sammelplaz Butzebierg de Mäerzeger Awunner gratis disponibel fir folgend Offäll:

  • Huelglas a Kleedersammlung;
  • Elektroschrott: Frigoen, Truen, Fernseeën, etc.;
  • Gréngschnatt: Gras, Straich an Äscht vun Hecken, Blieder aus dem Gaart, asw.

De Site ass am Ausgang vun der Gemeng Richtung Méchelbuch an ass op zu folgenden Ëffnungszäiten:

Dezember bis Februar:

Samschdes, 10.00 bis 16.00 Auer

Mäerz bis November:

Dënschdes, 14.00 bis 18.00 Auer

Donneschdes, 14.00 bis 18.00 Auer

Samschdes, 11.00 bis 18.00 Auer

FR 

Petite adaptation :

La collecte des déchets verts (gazon, arbustes et branches de haie, feuilles du jardin, etc.) sera désormais possible également pendant les mois d’hiver.

Rappel :

En collaboration avec le Forum pour l’emploi, l’entrepôt communal Butzebierg est mis gratuitement à disposition des habitants de Mertzig pour y déposer les déchets suivants :

  • Verre creux et vieux vêtements;
  • Déchets électriques : réfrigérateurs, congélateurs, télévisions, etc. ;
  • Déchets verts : gazon, arbustes et branches de haie, feuilles du jardin, etc.

 Le site se trouve à la sortie de la commune direction Michelbouch et est ouvert aux heures d’ouverture suivantes :

Décembre à février :

Samedi, 10h00 à 16h00

Mars à novembre :

Mardi, 14h00 à 18h00

Jeudi, 14h00 à 18h00

Samedi, 11h00 à 18h00

Aller au contenu principal