Test antigénique rapide

Zertifiéierten Autotest

 Am Kader vum COVID-Gesetz, bitt d’Gemeng Mäerzeg d’Méiglechkeet un en zertifiéierten Auto-Schnelltest duerchzeféieren.

Ab e Mëttwoch, 19. Mee 2021 kann dësen Test zu de gewinnte Büroszäite, op Rendez-vous gemaach ginn. Mir géifen Iech bieden Är Carte d’identité matzebréngen.

Den Test ass gratis an ass 24 Stonne gülteg an erlaabt Iech e.a. den Accès an d’Horeca-Betriber. Zertifiéiert gëtt den Test vun engem Gemengenbeamten.

Dës Offer riicht sech nëmmen un d’Awunner vun der Gemeng Mäerzeg.

Test antigénique rapide (TAR)

Dans le cadre de la loi COVID-19, la Commune de Mertzig propose à ses habitants de réaliser un test antigénique rapide (TAR) gratuit, accompagné d’un certificat d’une durée de validité de 24 heures.

À partir du mercredi, 19 mai 2021, ce test peut être réalisé sur rendez-vous, pendant les heures d’ouverture habituelles. Nous vous prions de vous munir de votre carte d’identité lors de votre passage.

Le certificat est gratuit et est valable pour une durée de 24 heures et vous donne accès e.a. aux entreprises du secteur de l‘Horeca. Le document est émis par un agent communal.

Cette offre s’adresse exclusivement aux résidents de la Commune de Mertzig.

20/05/2021 – Réunion du Conseil communal

Le Conseil communal se réunit en date du jeudi, 20 mai 2021 à 10h15 pour délibérer sur les points suivants:

  1. Désignation du « Centre Turelbaach » comme lieu de réunion du Conseil communal
  2. Approbation
    a. de l’état des restants 2020
    b. de plusieurs conventions
    c. de subsides
  3. Modification du règlement-taxe
  4. Aménagement communal – Droit de préemption
  5. Plan National d’Organisation des Secours (PNOS) – Avis
  6. Appui à l‘initiative pour un devoir de vigilance au Luxembourg
  7. Enseignement fondamental – Organisation scolaire 2021/22 – Approbation d’un nouvel horaire scolaire
  8. Communications

Séance secrète

  1. Enseignement fondamental – Organisation scolaire 2021/22 – Proposition de réaffectation de personnel enseignant

Document

20210520_00_Convocation

Verkéiersdag 12.05.2021

LU – D’Mäerzeger Schoul huet en Mëttwoch, den 12. Mee 2021 hire Verkéiersdag.

Opgepasst, d’Schoulkanner si mam Vëlo ënnerwee!

FR – L’école fondamentale de Mertzig organise sa journée de la mobilité le mercredi, 12 mai 2021.

Soyez prudent aux élèves qui circulent à vélo!

Romain Schwind, 31 Joer am Dingscht vun der Mäerzeger Gemeng

De Romain Schwind, gebierteg vun Ierpeldeng op der Sauer, wunnt zënter 1988 zu Mäerzeg an ass den 1. August 1990 agestallt gi vun der Gemeng Mäerzeg als Gemengenaarbechter.

De Romain ass een Handwierker duerch an duerch an huet 1980 seng Léier ugefaang als Zëmmermann am Familljebetrib vu sengem Monni, dem Willy Schwind. Nom Ofschloss vun der Geselleprüfung huet hien bis 1990 do geschafft a vill praktesch an theoretesch Erfarunge gesammelt, virun allem och aus aneren Handwierksberuffer: Daachdecker, Dachklempner a Schräiner am Bau.

1990 war Mäerzeg eng kleng Gemeng mat knapps 1100 Awunner. 4 Gemengenaarbechter waren agestallt an an der Verwaltung hunn 2 Beamte geschafft, de Sekretär an de Receveur.

Lues a lues ass d‘Gemeng ëmmer méi gewuess an Enn de 1990er Joren huet de Romain d’Relève geholl als Viraarbechter. 2001 ass, am Kader vun der rasanter demographescher Entwécklung vun der Gemeng, och den 1. Gemengentechniker agestallt ginn.

De Schäffen- a Gemengerot, zesumme mam Gemengepersonal, huet dem Romain Schwind „Merci“ gesot fir alles. Zënter dem 1. Mee 2021 ass de Romain offiziell an der wuelverdéngte Pensioun.

Hei ass e kuerzen Extrait aus der Usproch vum Buergermeeschter, Mike Poiré:

Romain, Du hues wärend denger ganzer Carrière jiddereen iwwerzeegt. Du hues d’Gemeng mat gepräägt duerch Kompetenz, Professionalitéit, Eegeninitiativ, Asaz, Frëndlechkeet an enger enorm grousser Hëllefsbereetschaft. 7 Deeg op 7. 24 Stonnen op 24. Du waars a bass ee „Serviteur de l’Etat“, vun der Gemeng Mäerzeg, eng Eegenschaft déi all Mataarbechter am ëffentleche Déngscht matbrénge soll.

Nieft der alldeeglecher Aarbecht hues Du am Laf vun de Joren awer och däi kënschtlerescht Talent a verschidden ëffentlech Infrastrukturen afléisse gelooss. Ech picken der nëmme puer eraus: d’Konschtwierk am Kreesverkéier an der Rue de l‘Ecole, déi 11 Statioune vum Themewee, d’Naturspillplaz am Laange Pesch, d’Bicherbox, d’Givebox, a rezent nach de Bau vun der 12. Statioun vum Themewee mam Thema #Mertzig4all droen déng Handschrëft.

Du hues d’Equipe awer och ëmmer bei all dëse Projete mat abezunn, ganz no dengem Lieblingsproch deen ech perséinlech vun Dir geléiert hunn: „Toll, ein anderer machts!“, däin Akronym vun TEAM! J

31 Joer vun denger berufflecher Carrière hues du fir d‘Gemeng Mäerzeg geschafft. Elo fänkt eng nei Etapp an dengem Liewen un. Eng grouss Etapp!

Am Numm vun all de Mäerzeger soe mir alleguer Dir villmools Merci fir d’Aarbecht iwwert all déi Joren am Déngscht vun de Mäerzeger Leit a vun der Gemeng. Mir wënschen Dir nëmmen dat Bescht. Genéiss déng Pensioun, zesumme mat denger Famill a Frënn! (…).

D’Gemeng huet an enger spontaner Feierstonn dem Romain, a senger léiwer Fra, dem Brigitte, e klenge Kaddo iwwerreecht.

9. Mee 2021 – Europadag

Europa huet dat zesummebruecht, wat zesumme gehéiert. Europa, dat ass en Zesummeschaffen an en Zesummeliewen. Europa, dat si Frëndschaften a Partnerschaften. Europäer ze sinn, bedeit zënter 76 Joer, ouni Krich kënnen ze liewen. Mat ville Fräiheeten, Garantien a Rechter. All dat baséiert op wirtschaftlecher a politescher Stabilitéit vun der Europäescher Unioun. An op der Solidaritéit ënnert de Länner an de Mënschen.

Europa ass och en Europa vun de Gemengen a vun de Stied. Well et ass do, wou d’Leit doheem sinn a liewen. 

De Schäffen- a Gemengerot

#EuropeDay #Europe #Mertzig4all 

 

29/04/2021 – Réunion du Conseil communal

Le Conseil communal se réunit en date du jeudi, 29 avril 2021 à 10h00 pour délibérer sur les points suivants:

  1. Approbation
    1. du compte administratif 2019
    2. du compte de gestion 2019
  1. Approbation
    1. de plusieurs actes notariés
    2. de plusieurs conventions
    3. de titres de recettes
    4. de subsides
    5. d’un décompte
    6. d’un règlement temporaire de circulation
  1. Aménagement communal
    1. Approbation de plusieurs projets de morcellement
  1. Modification du règlement général de circulation
  1. Office social « OSNOS »
    1. Convention 2020 – Avenant
    2. Convention 2021
  1. DEA – Comité d’accompagnement régional – Nomination d’un représentant politique et technique
  1. Nordstadjugend asbl – Nomination d’un représentant
  1. Communications

Document

20210429_00_Convocation

ATTENTION AU VOL À LA RUSE ! – LA POLICE INFORME

D’Police Lëtzebuerg start dës Woch eis néi Campagne wou et em den Trickdéifstall geet. Sie ginn den Leit Messagen mat op den Wee, wei een kann vermeiden Opfer vun engem Trickdéifstall ze ginn.

Den Trickdéifstall huet verschidden Formen iwwert déi Sie opklären wëllen, fir dass Bierger hiert Verhalen veränneren an besser oppassen an esou keng béiss Iwwerraschungen erliewen mussen.

An enger éischter Phase ass d’Police Lëtzebuerg mat hierer neier Police Camionnette op folgenden Platzen present:

18-19 Mäerz 2021 vun 09.00 – 19.00 Auer bei der Belle-Etoile

25-26 Mäerz 2021 vun 09.00 – 19.00 Auer bei der City Concorde

Documents

Guided Easter Tours – Ouschtervakanz 05.04 – 16.04

LU

Den ORT Zentrum/Westen organiséiert fir dëst Ouschtervakanz geféiert Besichtegungen an der ganzer Guttland Regioun.

6 Visite ënnert verschidden Themaen ginn vum 5. bis 16. Abrëll proposéiert.

Eng Umellung am Viraus ass obligatoresch. (+352 28 22 78 62 // info@visitguttland.lu )

Weider Informatiounen fannt Dir ënnert: https://www.visitguttland.lu/de/guided-tours-ouschter-vakanz 

FR

L’Office Régional du Tourisme du Centre et de l’Ouest a l’honneur de vous présenter son programme pour les vacances de Pâques 2021 avec des visites guidées dans la région Guttland.

Six visites sous différentes thématiques sont ainsi proposées du 5 au 16 avril

L’inscription au préalable est obligatoire. (+352 28 22 78 62 // info@visitguttland.lu )

Pour tout renseignement complémentaire veuillez consulter: https://www.visitguttland.lu/fr/guided-tours-ouschter-vakanz

Documents

Rue de Michelbouch – Avis au public

Il est portée à la connaissance du public  que le SIDEN (Syndicat intercommunal de Dépollution des Eaux résiduaires du Nord) va effectuer une inspection caméra de la canalisation à partir du 9 mars 2021 jusqu’au 10 mars 2021 inclus dans la Rue de Michelbouch (tracé marqué en rouge sur le plan ci-dessous). Vu qu’il s’agit de travaux mobiles, l’accès pour les riverains sera, à part de perturbations ponctuelles, garanti à chaque moment. Une déviation par la Rue de Colmar-Berg sera mise en place par l’Administration des Ponts et Chaussées.

Le Service technique communal se tient à votre entière disposition pour tous renseignements complémentaires          (Email : service.technique@mertzig.lu / Tél. : 838244-1).

20210309_AP_Michelbouch_travaux SIDEN

Engagement d’étudiant(e)s pendant les vacances d’été 2021

La Commune de Mertzig procédera à l’engagement d’un certain nombre d’étudiant(e)s durant les vacances d’été 2021.

Les étudiant(e)s effectueront des travaux légers auprès de la Régie communale et du Service technique de Mertzig sous la surveillance du personnel communal. La durée de l’engagement est fixée à 3 semaines.

La rémunération se fera sur base des dispositions légales sur le salaire social minimum. L’âge minimum est fixé à 17 ans. Les candidat(e)s doivent avoir leur domicile dans la Commune de Mertzig.

Les intéressé(e)s sont prié(e)s de remettre leur CV, une lettre de motivation et le coupon de candidature ci-dessous dûment rempli au Secrétariat communal pour le 31.03.2021 au plus tard.

Seules les candidatures complètes seront retenues.

Le Collège des Bourgmestre et Échevins

Coupon de candidature

2021_Jobs_Etudiants

Aller au contenu principal