Kiermes zu Mäerzeg

Freides, 17/09

16h00 – Ouverture vun der Kiermes

Knuppautoen & Kiermesbuden

Iessen a Gedrénks mat der Marche Gourmande Mäerzeg asbl

16h30 – Hämmelsmarsch

D’Mäerzeger Musek spillt den Hämmelsmarsch duerch Niddermäerzeg.

17h00 – After Work mam DJ Bubba (bis 22h00)

Marche Gourmande Mäerzeg asbl
Covid-Check Evenement

Samsdes, 18/09

11h00 – Kiermes (bis 22h00)

Knuppautoen & Kiermesbuden

Iessen a Gedrénks mat der Marche Gourmande Mäerzeg asbl

13h00 – Hämmelsmarsch

D’Mäerzeger Musek spillt den Hämmelsmarsch duerch d’Duerf.

16h00 – Concert mat « MayB2 » (bis 19h00)

Marche Gourmande Mäerzeg asbl
Covid-Check Evenement

Sonndes, 19/09

11h00 – Kiermes

Knuppautoen & Kiermesbuden

Iessen a Gedrénks mat der Marche Gourmande Mäerzeg asbl

10h00 – Bike4all (bis 18h00)

11h30 – Concert-Apéro „Gaasserockbluesband”

De ganze Nomëtteg Gegrills, Kiermesham, Kiermesdrëpp a villes méi mat der Marche Gourmande Mäerzeg asbl

Gedrénks mat der Dëschtennis Groussbus-Mäerzeg asbl

16h00 – Concert „Gaasserockbluesband”

Tour du Duerf 2021

LU

Säit 2014 kënne lëtzebuergesch Gemengen un der Campagne « TOUR DU DUERF » deel huelen. Grënner vun dëser Campagne ass de Klimabündnis, dat gréissten Netzwierk vu Stied, Gemengen a Regiounen, dat sech fir de Klimaschutz asetzt.

A Lëtzebuerg gëtt d’Campagne vum Verkéiersbond an dem Klimabündnis Lëtzebuerg organiséiert.

Zil vum Tour du Duerf ass et de Klimaschutz ze promovéieren an d’Bierger ze encouragéiere sech mam Vëlo ze déplacéieren.

D’Gemeng Mäerzeg ass houfreg Iech kënnen matzedeelen, dass mir och dëst Joer erëm um « Tour du Duerf » deelhuelen.

Dëst Joer fënnt d’Manifestatioun vum 10. bis den 30. September 2021 statt.

Déi gefuere Kilometer kënne vun all Vëlofuerer online agedroe ginn. Des Resultater erméiglechen den Verglach vun den verschiddenen Équipen aus enger Gemeng, sou wéi och d’Gemengen ënnertenee. 

Anschreiwen kënnt Dir Iech via dëse Link: https://www.tourduduerf.lu/index.php?id=171&L=3&city_preselect=2202

FR

Depuis 2014, les communes luxembourgeoises peuvent participer à la campagne « TOUR DU DUERF ». Au niveau européen, l’initialiseur n’est autre que le Klima-Bündnis, le plus important réseau de villes, communes et régions qui se sont alliées pour supporter la protection du climat.

Au Luxembourg, la campagne est organisée par le Verkéiersbond et le Klima-Bündnis Lëtzebuerg. Le but du « Tour du Duerf » est de promouvoir la protection du climat ainsi que d’inciter les citoyens de se déplacer avec le vélo.

La commune de Mertzig est contente de pouvoir annoncer la participation à la campagne. S’engager pour la protection du climat et la qualité de vie dans notre commune joue un rôle primordial. La promotion de la mobilité douce consiste d’une mission importante.

L’année 2021, la manifestation aura lieu du 10 au 30 septembre. Un calendrier en ligne permet à chaque cycliste d’inscrire son kilométrage parcouru à vélo. Les résultats permettent de comparer les équipes d’une même commune ainsi que les communes entre elles.

L’inscription se fait par le lien suivant: https://www.tourduduerf.lu/index.php?id=171&L=3&city_preselect=2202

19/09/2021 – Bike4all – Alles op de Vëlo am Waarkdall

D’Gemenge Feelen, Groussbus a Mäerzeg organiséieren dëst Joer déi 3. Editioun vum #bike4all, Sonndes, den  19. September 2021 vun 10.00 bis 18.00 Auer.

Départ a Parcours

Offiziellen Départ ass um 10.00 Auer
De Startpunkt ass fräi wielbar.

Den Tracé ass ausgeschëldert: et gëtt ee Family- an ee ProTour. De FamilyTour ass fir Famillje mat Kanner an de ProTour fir alleguerten déi motivéiert Cyclisten déi eng Erausfuerderung sichen.

Remarque

  • Kanner fueren nëmmen a Begleedung vun Erwuessenen!
  • D’Cycliste fueren op hir eege Verantwortung a respektéieren de Code de la Route!
  • Organisatioun am Respekt vun de gültege sanitäre Reegelen!

Circulatioun

(Version française / voir -> Documents)

D’Haaptstrooss (N21) ass komplett vun Uewerfeelen bis op Groussbus fir de Verkéier gespaart. Well d’Linnebusser awer wäerten um Tracé fuere gëllt et fir d’Cyclisten opzepassen an no dem Code de la Route ze fueren. Zousätzlech ass d’Rue de Dellen vum Gemengenhaus un bis op Dellen gespaart.

D’Administratioun vum “Ponts & Chaussées” këmmert sech ëm d’Ofspäre vun den Haaptstroossen (N21, CR314, CR345). Op kommunalem Niveau musse mir d’Accèse vun den Niewestroossen op d’Haaptstrooss spären a warnen/deviéieren de Verkéier mat Zäit iwwer Beschëlderung.

Well d’Stroossen um Knapp, Luuchtebierg, Réimercité a Fléitz vum Parcours ëmkreest sinn, gëtt op der Kräizung rue Principale / um Knapp / rue Wéchen e Passage amenagéiert.

Op dem Plang fannt Dir all néideg Informatioune bezüglech der Zirkulatioun an de Spärunge wärend dem Evenement.

Falls Dir um Tracé vum Evenement wunnt a vun enger Verkéiersspärung betraff sidd an den Dag och Äert Haus musst mam Auto verloossen, biede mir Iech déi néideg Mesuren ze huelen an Ären Auto an enger Niewestrooss ze parken, ofgesinn vun engem Noutfall natierlech.

Mir soen Iech am Virfeld Merci vir Äert Versteesdemech a freeën eis op puer Stonnen autofräien Dag an eisem Duerfzentrum.

Programme

  • 10h00 – Départ / Ouverture
  • 11h30 – Concert-Apéro mat der « Gaasserockbluesband »
  • Marche Gourmande Mäerzeg asbl
    • Gegrills (Hamburger, Grillwurscht, Chicken Nuggets, etc.)
  • Dësch-Tennis Groussbus-Mäerzeg
    • Gedrénks
  • 16h00 – Concert mat der « Gaasserockbluesband »
  • Kiermesbuden & Knuppautoen
  • Fairtrade Stand
  • 18h00 – Clôture 

Challenge « Du géint de Bierg »

Vu 14.00 bis 16.00 Auer mam Luc um Klapprad a Moderatioun vum Paul.

Special guests

  • Laurent & Lex Reichling
  • Vintage Boys

Informatiounen

Documents

14/09/2021 – Tour de Luxembourg

LU

De “Skoda Tour LuXembourg”, dee vum 14. bis den 18. September 2021 stattfënnt, fiert de 14. September 2021 duerch eis Gemeng. De Passage vun de Cyclisten ass tëscht 14h15 a 15h15 virgesinn.

Fir e sécheren Oflaf vun der Course ze garantéieren, biede mir Iech de Sträckeposten hier Uweisungen ze respektéieren. Wärend dem Passage vun de Cyclisten ass et verbuede laanscht d’Strooss vum Parcours ze parken an d’Awunner déi vun der Course betraff sinn, si gebieden op d’Vëlosfuerer opzepassen.

Mir soen Iech am Virfeld Merci vir Är Ënnerstëtzung wärend dem Passage vum “Skoda Tour LuXembourg” a mir feeën eis op e flotte Moment bei dësem nationalen Evenement.

De Schäfferot


FR

Le “Skoda Tour LuXembourg”, qui aura lieu du 14 au 18 septembre 2021, va passer par notre commune le 14 septembre 2021. Le passage des coureurs à Mertzig est prévu entre 14h15 et 15h15.

Afin d’assurer le bon déroulement lors du passage des cyclistes, veuillez respecter les instructions des signaleurs qui sécurisent le parcours et les croisements. Durant le passage des cyclistes, le stationnement de véhicules le long du parcours est interdit et les riverains concernés sont priés d’être attentifs lors du passage de la course.

Nous vous remercions d’avance de votre soutien lors du passage du “Skoda Tour LuXembourg” et nous nous réjouissons de passer un bon moment lors de cet événement national.

Le Collège des Bourgmestre et Échevins


Parcours

  • Feulen –> Rue Principale
  • Rue Principale
  • Rue Wéchen
  • Viichterpad
  • Zanerknupp
  • Rue Latterbaach
  • Rue de Michelbouch –> Michelbouch

Passage

  • entre 14h15 et 15h15

Document

20210914_TDL_Mertzig

09/09/2021 – Réunion du Conseil communal

Le Conseil communal se réunit en date du jeudi, 09 septembre 2021 à 08h30 pour délibérer sur les points suivants:

  1. Approbation:
    1. de subsides
    2. de titres de recettes
    3. de plusieurs conventions
    4. d’une convention de collaboration (DPO)
    5. d’une demande de financement – OSNOS
    6. d’un règlement temporaire de circulation
  2. Organisation scolaire 2021/2022 :
    1. Occupation des postes
    2. Plans de surveillance
  3. Aménagement communal :
    1. Droit de préemption
    2. Approbation d’un devis – Rue de Michelbouch
  4. Fixation de l’impôt commercial et foncier pour 2022
  5. Fixation du prix du bois de chauffage – Exercice 2022
  6. Pacte Climat 2.0
  7. Zone de liberté « LGBTQI »
  8. Affaires de personnel
  9. Communications

Séance secrète

  1. Nomination définitive d’un fonctionnaire (m/f), Carrière B1
  2. Nomination définitive du receveur communal (m/f)
  3. Nomination définitive d’un chargé de gestion (m/f), Carrière A2

Document

20210909_00_Convocation

 

Safari am Wëlle Westen

De Syndikat Kanton Réiden huet 20  kuerz a kannerfrëndlech (3-5km) Trëppeltier an den 10 Gemenge vum Kanton Réiden an der Gemeng Mäerzeg opgesat. 

Hutt Dir op mannst 15 Déiere entdeckt? Da kritt Dir ee Safari-Survivor Diplom heemgeschéckt!

Den Détail fannt Dir op www.klima.lu/safari oder op  https://www.facebook.com/groups/174510474611641.

 
D’Bichelcher sinn ab dem 17. August 2021 erëm am TouristInfo zu Useldeng ze kréien.
 

Contact

Caroline Schmit

Gestionnaire de Projets

Syndicat Intercommunal

Kanton Réiden

11, Grand-Rue

L-8510 Redange-sur-Attert

T (+352) 28334-040

caroline.schmit@kanton-reiden.lu

Cours linguistiques -Landakademie

WEITERBILDUNG FÜR ERWACHSENE IN ZUSAMMENARBEIT MIT DER GEMEINDE MERTZIG

Niederländisch A1.1.:

Dieser Kurs verschafft Ihnen den Einstieg in die niederländische Sprache. Sie lernen, wie Sie sich vorstellen und sich mit einfachen sprachlichen Mitteln in Alltagssituationen unterhalten.

Niederländisch A1.2.:

Dieser Kurs ist für alle, die bereits über Kenntnisse in der niederländischen Sprache verfügen. Dieser Kurs wird Sie tiefer in die Sprache einführen, Ihre Sprachkenntnisse erweitern und Ihre Kommunikationsfähigkeiten steigern.

Spanische Konversation:

Dieser Kurs spricht alle an, die bereits über Kenntnisse in der spanischen Sprache verfügen und sich in der Konversation verbessern wollen. Er erlaubt Ihnen die Sprache im alltäglichen Leben wirksam und flexibel zu gebrauchen und sich spontan und fließend auszudrücken.

FORMATION POUR ADULTES EN COLLABORATION AVEC LA COMMUNE DE MERTZIG

Néerlandais A1.1.:

Ce cours vous permettra d’acquérir des compétences de base dans la langue néerlandaise. Vous apprendrez à vous présenter et à communiquer dans différentes situations quotidiennes avec des moyens linguistiques simples.

Néerlandais A1.2.:

Ce cours est idéal pour tous ceux qui disposent déjà de notions de la langue néerlandaise. Ce cours vous permettra d’approfondir vos connaissances et d’améliorer votre communication.

Conversation espagnole:

Ce cours s’adresse à tous ceux qui souhaitent compléter leurs bonnes connaissances de langue espagnole. Celui-ci vous permettra d’utiliser la langue dans différentes situations quotidiennes et de vous exprimer librement et spontanément.

Les cours de langues et informatiques, organisés par la Landakademie sont agréés par le Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.

Information et inscription:

Landakademie
2 am Foumichterwee | L-9151 Eschdorf
Tel: 89 95 68-28 | Fax: 89 95 68-40
nicole@landakademie.lu | www.landakademie.lu

Aller au contenu principal