Presale // Télévie – Socks

D’Muster vun de Strëmp ass wéi op dëser Illustratioun.

An Zesummenaarbecht mat der Firma Dirty Socks hu mir am Kader vum Télévie eng limitéiert Editioun vu Strëmp entwerfe gelooss, déi Dir ab elo bei eis kënnt virbestellen.

Wann Dir Interesse un dëse Strëmp hutt, da fëllt eis wgl. de Formular (online oder PDF) aus an iwwerweist d’Suen (13€ / Puer) mam Vermierk „Strëmp an Ärem Numm op de Kont vum „Centre de promesses Mäerzeg“:

CCRA LU60 0099 7814 7024 0431

(Opgepasst! Et kënne just déi Virbestellunge berécksiichtegt ginn, wou och d’Suen iwwerwisen sinn!)

Den ausgefëlltene Formular (PDF) ass u folgend Adress ze adresséieren:

Administration communale de Mertzig
22, Rue Principale
L-9168 Mertzig

oder per Email un:

televie@mertzig.lu

D’Strëmp wäerte mir Iech dann Enn Mäerz zoukomme loossen. D’Unzuel ass leider begrenzt, dofir zéckt net an ënnerstëtzt d’Fuerschung géint de Kriibs.

Commande

A télécharger: Formulaire de commande / PDF

Vakanzenaktivitéiten an Theaterprojet vun der Nordstadjugend

Vakanzenaktivitéiten

Vum 07. bis den 19. Februar 2022 organiséiert d’Nordstadjugend verschidden Vakanzenaktivitéiten!

Weider Infoen an umellen kënnt Dir Iech ënnert: http://2019.nordstadjugend.lu/vakanzenaktiviteacuteiten.html

Theaterprojet "Féier eng op"

„Féier eng op“ ass e flotten Theaterprojet dee  vun der Nordstadjugend organiséiert gëtt.

Ziel vun dem Projet ass, dass déi Jonk sech kënnen op kënschtlecher Aart op oder hannert enger Bün ausdrécken an hiert eege Konschtstéck mat engem  Optrëtt am CAPE virstellen: mat hirem Message, hiren  Iddien, hirer  Konscht.

Se kënnen,   mussen  awer keng Erfarung  hunn. Déi Jonk sollen  sech op engem vun de Schnupperdeeg e Bild vun de  Workshops maachen, a kucken wat alles ugebuede gëtt, natiirlech onverbindlech.

All Aarte vu  Konscht si  wëllkomm:

Musek: danzen, sangen, rappen, Beatbox,….

Schauspillerei: schwätzen, danzen, Pantomim,…

Bünebild: molen, bitzen, Schräinerei, Design,….

Hannert der Bün: Text vum Stéck, Luucht, Organisatioun, Technik,….

Mell dech an Entscheed  eréischt  no dem Schnupperstage ob respektiv wat’s du maache wëlls.

Weider Infoen an umellen kënnt Dir Iech ënnert: http://2019.nordstadjugend.lu/feacuteier-eng-op.html

 

27/01/2022 – Réunion du Conseil communal

Le Conseil communal se réunit en date du jeudi, 27 janvier 2022 à 10h00 pour délibérer sur les points suivants:

  1. Approbation
    1. de subsides et cotisations
    2. de plusieurs conventions
    3. du compte administratif 2020
    4. du compte de gestion 2020
  2. Pacte Nature
  3. Pakt vum Zësummeliewen
  4. Organisation scolaire 2021/22 – Modification des plans de surveillance
  5. Confirmation de plusieurs règlements temporaires de circulation
  6. Modification du règlement général de circulation
  7. Communication du Plan Pluriannuel Financier (PPF)
  8. Règlement communal – Attribution de cadeaux et dons
  9. Dénomination de la future salle de réunion du Conseil communal
  10. Communications

Séance secrète

    1. Nomination définitive d’un fonctionnaire (m/f), Carrière B1
    2. Nomination définitive d’un chargé de gestion (m/f), Carrière A2
    3. Désignation d’un délégué aux transports publics

Document

20220127_00_Convocation

Formatioun Animateur Brevet A

D’Nordstadjugend organiséiert an der Ouschtervakanz vum 5.-8. Abrell 2022 den theoretischen Deel vun der Formatioun „Animateur Brevet A“ fir Jonker ab 15 Joer. D’Formatioun dauert 30 Stonnen (Theorie).  Dono kënnt nach e prakteschen Deel vun 20 Stonnen dobei.

Mam Brevet A kënnen di Jonk bei Aktivitéiten ouni Iwwernuechtung matschaffen (Vakanzaktivitéiten vun de Gemengen oder Maisons Relais, Fräizäitaktivitéiten an a mat de Jugendhaiser, …).

D’Umeldung an weider Detailer fannt Dir hei: http://2019.nordstadjugend.lu/animateurs-formatioun.html

Calendrier des déchets et des manifestations 2022

LU – De Manifestatiouns- an Offallkalenner fir d’Joer 2022 ass och online.

De SIDEC an d’Gemeng Mäerzeg maachen Iech drop opmierksam, datt d‘nächst Joer déi gro Poubelle all zweeten Dënschdeg eidel gemaach gëtt (a net wéi bis elo all zweete Méindeg). Déi éischt Kollekt ass de 4. Januar 2022.

De Schäffen- a Gemengerot mam Personal vun der Mäerzeger Gemeng, wënschen Iech schéi Feierdeeg an ee gudde Start an dat Neit Joer.

FR – Le calendrier des déchets et des manifestations pour l’année 2022 est disponible en ligne.

Le SIDEC et la Commune de Mertzig tiennent à vous informer que le vidage des poubelles « déchets ménagers » se fait dorénavant le mardi et une première fois le mardi, 04 janvier 2022.

Le Collège des Bourgmestre et Échevins, ensemble avec le Conseil communal et tout le personnel communal, souhaite à toute la population de Bonnes Fêtes et Meilleurs Voeux pour l’année 2022.

Calendrier des déchets et des manifestations - 2022

Schéi Feierdeeg – Bonnes fêtes

Schéi Feierdeeg an ee gudde Start an d’Joer 2022

Bleift gesond, hëlleft een deem aneren, weist Solidaritéit a Respekt.

Den Zesummenhalt ass wichteg an der Zäit wou mir liewen.

De Schäffen- a Gemengerot mam Personal vun der Mäerzeger Gemeng.

Aller au contenu principal