Gläichberechtegung weisen – Affichons l’égalité


LU

Am Kader vum Internationale Fraendag den 8. Mäerz 2023, hëlt d’Gemeng Mäerzeg un der Aktioun „Les rues au féminin“ deel an Zesummenaarbecht mam Conseil national des Femmes du Luxembourg (CNFL).

De Projet erfaasst säit 2009 déi genau Zuel u Stroossen, déi no enger Fra benannt sinn. Aus leschten Zielungen ergëtt sech, dass däitlech manner Stroossen no Fraen benannt sinn.

Dës symbolesch Aktioun huet als Zil d’Bierger ze sensibiliséieren an d’Visibiliéit vun de Fraen ervirzehiewen.

Op der nächster Säit fannt Dir eng Iwwersiicht vun de Stroossen am Duerfkär, déi fir den Zäitraum vum 8. bis den 20. Mäerz 2023 symbolesch ee weibleche Numm droe wäerten.


FR

À l’occasion de la Journée Internationale des Femmes du 8 mars 2023, la Commune de Mertzig participe à l’action symbolique « Les rues au féminin » en collaboration avec le Conseil national des Femmes du Luxembourg (CNFL).

Ce projet recense depuis 2009 le nombre exact de rues portant le nom d’une femme. Les derniers recensements indiquent qu’il y a nettement moins de rues portant le nom d’une femme.

Cette action symbolique a pour but de sensibiliser les citoyens et d’augmenter la visibilité des femmes.

Sur la page suivante, vous trouverez un aperçu des rues situées au centre du village portant symboliquement un nom féminin pour la durée du 8 au 20 mars 2023.


Concernéiert Stroossen hei zu Mäerzeg / Rues concernées à Mertzig

Rue Principale SIMONE VEIL (1927-2017)

Survivante de l’Holocauste, première femme Présidente du Parlement européen, promotrice de la construction européenne

Rue de l’école MARIE CURIE (1867-1934)

Physicienne, 1ère femme à avoir reçu le prix Nobel, et la seule à en avoir reçu deux

Rue de Michelbouch SOPHIE SCHOLL (1921-1943)

Résistante allemande au nazisme et l’un des piliers du réseau « La Rose blanche »

 Rue Floetz ELIZABETH FREEMAN (c.1744-1829)

Première esclave afro-américaine à déposer et à gagner un procès pour liberté (freedom suit) dans le Massachusetts

Rue de Merscheid OLYMPE DE GOUGES (1748-1793)

L’une des pionnières françaises du féminisme, Rédactrice en 1791 de la Déclaration des droits de la femme et de la citoyenne


Publication

20230308_Egalite

Formatioun Animateur Brevet A – Nordstadjugend

De Brevet A soll déi Jonk drop preparéieren Kanner oder Jonker wärend enger Fräizäitaktivitéit  (ouni Iwwernuechtung) an ënner Opsicht vun engem Verantwortlechen ze betreien. Den Animateur ënnerstëtzt e Verantwortleche  bei enger Aktivitéit mat Kanner oder Jugendlechen. Am festgeluechten a zäitlech  begrenzte Programm plangt a leet den Animateur eegestänneg eng bestëmmten Aufgab.

Programm:
D’Ausbildung besteet aus 30 Stonnen Theorie an 20 Stonne Stage, déi zu engem spéideren Zäitpunkt am Jugend- oder Kannerberäich mussen absolvéiert ginn.

Am Mëttelpunkt vun dëser Ausbildung stinn:

• Grondkenntnisser vun der Betreiung vu Kanner a Jugendlechen
• Opbau an Emsetzung vun Aktivitéiten
• Verantwortung vum Betreiungspersonal
• Sécherheet während Aktivitéiten 


Typesch Asazplazen:

• Fräizäitaktivitéite wärend  der Summervakanz, déi vun de  Gemengen oder Maison Relais organiséiert ginn.
• Fräizäitaktivitéiten an a mat de Jugendhaiser, sief dat an de Vakanzen oder Weekends.

Eckdaten:

  • 11.04.2023 – 14.04.2023
  •  Treffpunkt um 8.00 zu Miedernach am Centre AREND-FIXMER (33, rue de Larochette, L-7661 Medernach)
  • Participatioun: 100€
  • mat 3 obligatoreschen Iwwernuechtungen am Centre Arend-Fixmer

Umeldung

https://2023.nordstadjugend.lu/umeldung-brevet-a.html

Info

Nordstadjugend

7, avenue de la gare

L-9233 Diekirch

Tel.: (+352) 80 91 65 – 21

Email: koordinatioun@nordstadjugend.lu

www.noju.lu

08/02/2023 – Réunion du Conseil communal

Le Conseil communal se réunit en date du mercredi, 08 février 2023 à 16h30 pour délibérer sur les points suivants:

  1. Approbation
    1. d’une convention
    2. de titres de recettes
  1. Confirmation d’un règlement temporaire de circulation
  1. Aménagement communal
    1. Approbation de plusieurs projets de morcellement
    2. Approbation d’un devis – Rue de Michelbouch
    3. Approbation du « PAP – Rue de Dellen »
  1. Communication du Plan Pluriannuel Financier (PPF)
  1. Communications

Document

20230208_00_Convocation

Super Senior – De schoulesche Begleedungservice

Aërt Kand huet Schwieregkeeten a verschiddene Fächer. Et kritt sech net richteg organiséiert an huet déi ideal Method nach net fonnt, fir ze léieren oder et traut sech wéineg zou. Dir hutt net genuch Zäit / Méiglechkeeten, fir Äert Kand ze ënnerstëtzen oder dir kritt iech an d`Hoer, wann dir zesumme léiert.
Fannt eng effikass Léisung: Senioren, déi Nohëllefstonne ginn !

Wie si mir ?

E Service fir Nohëllefstonnen, koordinéiert vum MEC asbl, mat motivéierte Senioren, déi eng extra Formatioun gemaach hunn, an déi Loscht hunn hiert Wësse weiderzeginn a mat Kanner aus dem Fondamental, déi Problemer mam Léierstoff an der Schoul hunn, ze schaffen.

Wéi funktionéiert de Service ?

  • E Rendez-vous tëscht dem MEC asbl, den Elteren an dem Kand fir zesummen ze definéieren, wéi a wou d’ Nohëllefstonne stattfannen
  • Duerno gëtt eng Entrevue tëscht dem MEC asbl, den Elteren, dem Kand an dem Senior organiséiert
  • Eng professionell Begleedung vun den Aktivitéiten
  • D’Eltere bezuelen eng Bedeelegung vun 10.- Euro pro Seance (1 Stonn), Leit déi Sozialhëllef bezéien, bezuele 5.- Euro

Nohëllefstonne vu Seniore fir Kanner: eng Offer, déi nëmme Virdeeler huet!!

  • Senioren hu vill Liewenserfarung an Tricken, déi se gäre mat de Kanner deelen
  • Senioren hu méi Gedold
  • Senioren hu méi Zäit an ëmmer en oppent Ouer
  • D’Kand kritt méi Selbstvertrauen a seng Fäegkeeten
  • D’Nohëllefstonne fannen an engem neutrale Kader statt, ouni Alldagsstress a Streidereien

Contact

De schoulesche Begleedungservice gëtt vun der MEC asbl ugebueden an Zesummenaarbecht matt denen 10 Gemengen aus dem Réidener Kanton, an de Gemenge Bissen, Colmer-Bierg a Mäerzeg. 

MEC asbl

9, rue André Duchscher
L-6434 Echternach
Tél.: 26 72 00 35 | 621 66 92 12
info@mecasbl.lu
www.mecasbl.lu

La Commune recrute – Vacance de postes

L’Administration communale de Mertzig se propose de recruter à plein temps et à durée indéterminée pour les besoins du / de la:

Service technique

  • un employé communal (m/f) appartenant à la catégorie d’indemnité C / groupe d’indemnité C1, sous-groupe administratif.

La tâche comprendra principalement des missions du Service technique communal.


Régie communale

  • un salarié (m/f) dans la carrière E / DAP – CATP  (Domaine « Chauffage – Sanitaire ») du contrat collectif des salariés de l’État.

La tâche comprendra principalement des missions de la Régie communale – consulter l’annonce pour plus de détails.


Délai

Pour chaque poste, le dossier de candidature est à adresser au Collège des Bourgmestre et Échevins, 22 Rue Principale, L-9168 Mertzig, pour vendredi, le 17 février 2023 au plus tard. Les demandes incomplètes ne seront pas prises en considération.


Documents


Annonces

20230120_Publication_C1
20230120_Publication_E_Sanitaire

SICONA Kids – Kanneraktivitéiten

Du wëlls un enger Naturaktivitéit fir Kanner an denger Gemeng Deel huelen, an denger Fräizäit ökologesch Zesummenhäng erkennen, z.B. wéi een Afloss de Mënsch op d’Natur huet oder wéi d’Joreszäiten funktionéieren? Du wëlls Freed, Spill a Spaass an der Natur?

Da bass du bei eis richteg! Komm mat a mell dech un!

Informatiounen

  • D’Aktivitéite si gratis an an der Reegel tëschent 14:00 a 17:00
  • Kleedung : Fräizäitkleedung déi knaschteg dierf ginn
  • Matbrengen: Rucksak mat Uebst a Gedrénks an eng Setzennerlag
  • Fir weider Informatiounen, kënnt Dir eis iwwer Tel. 26 30 36 63 kontaktéieren.
  • https://sicona.lu/siconakids/ 

Umeldungen

Umeldungen per E-Mail un pedagogique@sicona.lu mat folgenden Informatiounen: 

  • Numm a Virnumm vum Kand
  • Matricule vum Kand
  • Telefonsnummer Mamm/Papp/Responsabel
  • Gemeng (commune de résidence)
 

Programm

Een Energiespuer-Set fir all Stot aus der Gemeng

Een Energiespuer-Set fir all Stot aus der Gemeng

Energie spueren? D’Gemeng Mäerzeg mécht mat an offréiert all Stot een Energiespuer-Set fir beschtméiglech Energie bei sech doheem ze spueren.

De gratis Energiespuer-Set (1 Set pro Stot) kann ab dem 30. Januar 2023, am Austausch géint den ausgefëllten an ënnerschriwwene Bong, deen Dir dës Woch an Ärer Boîte konnt fannen, ofgeholl ginn.

D’Aktioun fënnt bis den 31. Mäerz 2023 statt. Merci fir d’Matmaachen. 

Un kit d’économie d’énergie pour chaque ménage

Economiser de l’énergie? La commune de Mertzig participe et offre un kit d’économie d’énergie à chaque ménage pour pouvoir économiser de l’énergie chez soi.

Le kit d’économie d’énergie gratuit (1 kit prévu par ménage) peut être récupéré à partir du 30 janvier 2023 en échange de votre bon dûment complété et signé, que vous avez trouvé cette semaine dans votre boîte aux lettres.

L’action se termine le 31 mars 2023. Merci de votre participation. 

Avis au Public – Approbation du PAG

Projet d’Aménagement Général (PAG)

Approbation ministérielle

Loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l’aménagement communal et le développement urbain

Il est porté à la connaissance du public que la délibération du Conseil communal du 25 novembre 2021 portant adoption du Projet d’Aménagement Général de la Commune de Mertzig a été approuvée par Madame la Ministre de l’Intérieur en date du 21 décembre 2022. Le plan d’aménagement général est à disposition du public à la Maison communale où il peut en être pris copie sans déplacement.

Le règlement devient obligatoire trois jours après la présente publication.

Un recours en annulation devant le tribunal administratif doit être introduit dans les trois (3) mois qui suivent la notification de la décision.

Le Collège des Bourgmestre et Échevins,

Mike Poiré, Bourgmestre
Stefano D’Agostino, Échevin
Isabelle Conzemius, Échevine


Avis au Public

20221229_PAG-PAP_AP

Approbations ministérielles

20221221_MINT_PAG_Approbation
20221221_MINT_PAP-QE_Approbation

Remise du prix communal « égalité » 2022

Den 21. Dezember 2022 gouff d’Gemeng Mäerzeg mam « Prix communal 2022 » vum Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer ausgezeechent.

Mat dësem Präis hieft de Ministère déi Gemengen ervir, déi hir Bereetschaft gewisen hunn, sech fir e bessert Zesummeliewen vu Fraen a Männer an hirer Gemeng anzesetzen. 

Dës Gemengen hunn sech duerch hire Modell-Charakter verdéngt gemaach, deen aner Gemengen encouragéiere wäert, sech och eng aktiv Egalitéitspolitik ze ginn an Aktivitéiren ze realiséieren, déi der Promotioun vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer souwéi Jongen a Meedercher op hirem Territoire zegutt kommen.

Weider Infoen an de Communiqué vum Ministère fannt Dir hei. 

La commune de Mertzig a été récompensée le 21 décembre 2022 par la ministre de l’Egalité entre les femmes et les hommes pour son engagement dans le domaine de l’égalité. Le prix communal est décerné à toutes les communes qui se sont particulièrement engagées en faveur de l’égalité de genre au niveau local en 2022 par la réalisation d’activités concrètes.

Vous pouvez lire le commmuniqué du Ministère de l’Egalité entre les femmes et les hommes ici.

Schéi Feierdeeg – Bonnes fêtes

Schéi Feierdeeg an ee gudde Start an d’Joer 2023

Bleift gesond, hëlleft een deem aneren, weist Solidaritéit a Respekt.

Den Zesummenhalt ass wichteg an der Zäit wou mir liewen.

De Schäffen- a Gemengerot mam Personal vun der Mäerzeger Gemeng.

Aller au contenu principal