30/09/2021 à 21h00 – Coupure d’eau

LU 

Am Kader vun den Aarbechten um Reseau an um Kanal déi d’Entreprise Karp-Kneip op dem Deel tëscht der Kräizung Rue de Vichten/Rue de Michelbouch bis op d’Kräizung Rue de Michelbouch/Rue Zéchel ausféiert, ass den Uschloss vun där neier un déi al Waasserleitung virgesinn.

Well et sech bei dëser Leitung ëm eng vun eisen Haaptwaasserleitungen handelt, ass dës Planung e bësse méi komplizéiert. Aus dësem Grond ginn d’Aarbeschten en Donneschdeg, 30. September 2021, owes ab 21:00 Auer ausgefouert. D‘Dauer vun den Aarbechten ass ongeféier 3 Stonnen.

Verschidden Zonen an der Gemeng wäerte kee Waasser hunn, anerer wéineg oder mat engem geréngen Drock. Aus technesche Grënn biede mir Iech wärend den Aarbechte kee Waasser ze zapen. Wéinst dem geréngen Drock ka Loft an d’Leitung gesaugt ginn, wat zu Turbulenzen a Stéiss féiert an d’Leitung beschiedege kann.

Huelt aus dësem Grond wannechgelift déi néideg Virkéierungen a mir soen Iech Merci fir d’Zesummenaarbecht.

Bei Froe steet de Service technique vun der Gemeng Iech zur Verfügung (Email: service.technique@mertzig.lu / Tel. : 838244-1).

FR

Dans le cadre des travaux de réseau et de canalisation que l’entreprise exécutante Karp-Kneip est en train de réaliser sur le tronçon de l’intersection rue de Vichten/rue de Michelbouch jusqu’à l’intersection rue de Michelbouch/rue Zéchel, le raccordement de la nouvelle conduite d’eau avec la conduite existante doit être réalisé.

Étant donné qu’il s’agit d’une de nos conduites d’alimentation principales, la planification de ce raccord s’avère difficile. Pour cette raison, les travaux vont être réalisés ce jeudi, 30 septembre 2021, à partir de 21h00. La durée de ces travaux sera d’environ 3 heures.

Certaines zones du village n’auront pas de l’eau, d’autres très peu ou avec une faible pression. À cause de raisons techniques, ne veuillez absolument pas tirer de l’eau pendant la durée de ces travaux. Vu la faible pression dans le réseau, de l’air peut être tiré dans celui-ci, ce qui causera des turbulences et coups dans la conduite.

Veuillez donc prendre les précautions nécessaires et nous vous remercions d’ores et déjà pour votre collaboration.

Le Service technique communal se tient à votre entière disposition pour tous renseignements complémentaires (Email : service.technique@mertzig.lu / Tél. : 838244-1).

A télécharger

MÄIN OFFALL – MENG RESSOURCEN: DÉI NATIONAL OFFALL-APP ASS DO

LU 

 Déi national Offall-App ass do

Säin Offall richteg Entsuergen – dobäi soll déi nei App Mäin Offall – Meng Ressourcen hëllefen. Den digitalen Offallkalenner erënnert de User drun, seng Poubelle virun d’Dier ze stellen an eng interaktiv Kaart weist all verfügbar Sammelplazen am Land un, ob Container, mobil Sammlung oder Ressourcenzenter.

D’App, déi op 4 Sproochen an a ronn 85 Gemengen verfügbar ass, kann gratis am AppStore oder bei GooglePlay erofgeluede ginn. An Zesummenaarbecht mam Minsitère fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung, verschiddenen Acteure vum Terrain an de Gemengen huet d’Ëmweltverwaltung dës App entwéckelt.

Wéi eng Gemenge beim Projet matmaachen, Downloads an all weider Informatiounen zu Mäin Offall fënnt een op www.emwelt.lu .

Dat kann d’App

  • De virtuellen Offallkalenner erméiglecht dem User, d‘Sammlungen vir seng Adress zu all Moment ze kucken, ob Pabeier, Valorlux oder Biopoubelle ;
  • De User kann sech Erënnerungen vir verschidde Sammlungen ariichten. Sou gëtt een zum Beispill um Virowend virun der Sammlung mat enger Push-Noriicht drun erënnert, seng Poubelle virun d’Dier ze stellen;
  • Op der interaktiver Kaart fënnt een all ëffentlech Sammelpunkten, sief et Container, mobil Sammlung vun der SuperDrecksKëscht® oder Ressourcenzenter;
  • En Offalllexikon gëtt Tipps, wou wéien Offall am beschten entsuergt ka ginn;
  • Falls eng Sammlung ausfält oder geännert gëtt, kritt de User d’Informatioun iwwert eng Push-Noriicht vu senger Gemeng direkt op de Smartphone

 D’Ëmweltverwaltung schafft aktuell un der Versioun 2.0. Dës soll 2022 bereet sinn an de Bierger erméiglechen, Sammlungen op Ufro ofzewéckelen.

Partner :
  • SIVEC – Syndicat Intercommunal à Vocation Ecologique
  • SIDEC – Syndicat Intercommunal pour la Gestion des déchets
  • SIGRE – Syndicat Intercommunal pour la gestion des déchets ménagers, encombrants et assimilés en provenance des communes de la région de Grevenmacher, Remich et Echternach
  • STEP – Syndicat Intercommunal
  • Valorlux asbl
  • SuperDrecksKëscht®
  • Ecotrel asbl
  • Ecobatterien asbl

FR

Le Luxembourg lance l’application nationale des déchets

Faciliter la gestion des déchets au quotidien – c’est l’objectif de la nouvelle application mobile « Mäin Offall – Meng Ressourcen ». L’application gratuite, développée par l’Administration de l’environnement et soutenue par les acteurs de terrain, a pour but d’aider les citoyens à gérer leurs déchets au quotidien. Grâce au calendrier virtuel des collectes, aux rappels des collectes et à la carte interactive, toutes les informations sont désormais à portée de main.

L’appli est actuellement disponible en 4 langues pour les citoyens d’environ 85 communes. Elle peut être téléchargée gratuitement dans l’AppStore et sur GooglePlay.

Plus d’informations sur www.emwelt.lu

Fonctionnalités clés

  • L’utilisateur peut consulter le calendrier des collectes digital pour plusieurs adresses à tout moment ;
  • L’utilisateur peut programmer des rappels pour les collectes de son choix (typiquement le jour avant) afin de ne plus oublier de sortir sa poubelle ;
  • Une carte interactive permet de trouver tous les points de collecte publiquement accessible, que ce soit un conteneur, une bulle ou un centre de ressource ;
  • Un dictionnaire des déchets reprend des conseils utiles concernant l’élimination et le recyclage ;
  • En cas d’annulation ou de changement d’une collecte, des notifications push sont envoyés aux utilisateurs.

Une version 2.0 est en cours de développement et permettra d’inclure une fonctionnalité pour réserver les collectes sur demande via l’application.

Acteurs partenaires :
  • SIVEC – Syndicat Intercommunal à Vocation Ecologique
  • SIDEC – Syndicat Intercommunal pour la Gestion des déchets
  • SIGRE – Syndicat Intercommunal pour la gestion des déchets ménagers, encombrants et assimilés en provenance des communes de la région de Grevenmacher, Remich et Echternach
  • STEP – Syndicat Intercommunal
  • Valorlux asbl
  • SuperDrecksKëscht®
  • Ecotrel asbl
  • Ecobatterien asbl

Kleedersammlung

LU – Leider kount d’Kleedersammlung leschte Samschdeg net wéi gewinnt assuréiert ginn. 

Dofir gëtt den Tour nach eemol dësen Donneschdeg, 30. September widderholl. 

D’Kollekt ass vun 9.00 bis 11.30 Auer.

Merci fir Äert Versteesdemech.

FR – Malheureusement, la collecte des vêtements n’a pas pu être assurée comme d’habitude.

C’est pour cette raison que le tour repassera ce jeudi, 30 septembre.

La collecte aura lieu de 9.00 à 11.30 heures.

Merci pour votre compréhension.

 

ÉISCHT-HËLLEFS-COURS

Den 09. an 10. Oktober 2021 fënnt een Éischt-Hëllefs-Cours am Centre Turelbaach, zu Mäerzeg, statt.

Aschreiwen kënnt Dir Iech bis den 08. Oktober 2021 via https://cours.cgdis.lu/page/module/1183/DEU/index.html?cache=no .

Weider Detailer zum Cours fannt Dir hei:

Description

Dauer vum Cours: 16h

Säitdeem den Éischt Hëllefs Cours den 1. Juli 2018 vum CGDIS nei organiséiert gouf, entsprécht dëse Cours lo och a Lëtzebuerg dem Modell vum europäeschen First-Aid-Cours. Dat heescht, dass de Cours sech elo zu gutt 2/3 op praktesch Inhalter stëtzt an déi theoretesch Deeler mëttlerweil éischter d’Ausnam bilden.

D’Zieler vum Cours:

D’Participanten léieren…

  • …dat séchert Verhalen op Accidenter.
  • …wéi een e standardiséierten Noutruff beim 112 tätegt.
  • …medizinesch Noutfäll richteg ze erkennen an anzeschätzen.
  • …d’Versuergung vu Patienten a medezineschen Noutfäll bis d’Rettungsdéngschter op der Plaz sinn.
  • …liewensbedrolech Bluddungen ze stëllen.
  • …wéi ee Noutfallpatiente richteg tässelt.     

A villes méi.

D’Inhalter vum Cours:

  • Éischt Mesuren op Accidenter
  • D’Versuerge vu Wonnen an den Ëmgang mat Verbänn
  • Verbrennungen
  • Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag
  • «Basic Life Support» mëttels Häerzmassage an dem Asaz vum automateschen externen Defibrillator (AED)
  • Reanimatioun vu Kanner
  • Engem accidentéierten Motard patientegerecht den Helm ausdoen

A villes méi.

D’Conditiounen vir um Cours deelzehuelen:

  • Mindestalter: 12 Joer
  • Bereetschaft aktiv um Cours deelzehuelen

Wéi kann een un engem Cours deelhuelen?

Dir kënnt Iech an zwee ganz einfache Schrëtt bequem vun doheem aus an ee vun eise Course mellen:

  1. E Benotzerkonto op cours.cgdis.lu erstellen.
  2. Sech op cours.cgdis.lu vir ee Cours entscheeden an do androen.

Vir grad an de prakteschen Elementer déi beschtméiglech Betreiung vun alle Participanten ze garantéieren a jidderengem ze erméiglechen, seng praktesch Fäegkeeten ze testen, ass de Cours op 12-25 Leit beschränkt.  

Informatiounen zum Diplom

Den Éischt Hëllefs Cours gëtt vum Moniteur, deen de Cours ofhält, duerch contrôle continu validéiert.

Participanten, déi de Cours erfollegräich ofgeschloss hunn, erhalen en Diplom, dat vum zoustännege Minister ausgestallt gouf. Dofir muss een awer un alle 16 Stonnen vum Cours deelgeholl hunn an d’Participatioun muss vum zoustännegen Moniteur bestätegt ginn. Sollten dës béid Bedingungen net erfëllt sinn, sou ka keen Diplom ausgestallt ginn.

D’ Diplom ass fënnef Joer laang gëlteg. Zirka zwielef Méint éiert dës Validitéit ausleeft, erhal Dir vun eiser Säit eng Mail, déi Iech doriwwer informéiert. Dëst ass natierlech nëmme méiglech, wann Äre Benotzerkonto an déi hannerlueten E-Mail Adress nach aktiv sinn. Wann der bannent deenen fënnef Joer erfollegräich un engem weidere Cours deelhuelt, verlängert sech d’Validitéit em fënnef Joer.

Sämtlech Coursen, déi op cours.cgdis.lu ugebuede ginn, ginn eenzeg vun zertifiéierten an duerch den INFS ausgebilten an nominéiert Moniteuren ofgehalenen.

Public

Luxembourgeois

Linda MAYER
Laurie MULLER

  • 09.10.2021 08:00-12:00
    Moniteur: Linda MAYER
  • 09.10.2021 13:00-17:00
    Moniteur: Laurie MULLER
  • 10.10.2021 08:00-12:00
    Moniteur: Linda MAYER
  • 10.10.2021 13:00-17:00
    Moniteur: Laurie MULLER

Prime de solidarité

LU – D’Gemeng Mäerzeg accordéiert fir d’Joer 2021 eng Prime de solidarité (Conditiounen fannt Dir hei drënner).

Dir kënnt Är Demande zwëscht dem 01. Oktober 2021 an dem 30. November 2021, per Rendez-Vous beim Office Social Nordstad, ufroen.

Kontakt:

Office Social Nordstad
40, Avenue Salentiny
L- 9080 Ettelbruck
Tel: 26 81 91 – 379/ – 392

FR – La Commune de Mertzig accorde une prime de solidarité pour l’année 2021 (voir conditions ci-joints).

Les demandes peuvent être introduites du 01 octobre 2021 au 30 novembre 2021, par rendez-vous auprès de l’ Office Social Nordstad.

Contact:

Office Social Nordstad
40, Avenue Salentiny
L- 9080 Ettelbruck
Tel: 26 81 91 – 379/ – 392

19/09/2021 – IMPFBUS à Mertzig

LU

Dir wëllt Iech onkomplizéiert an ouni Rendez-vous impfe loossen?

Den IMPFBUS ass e Sonndeg, den 19.09.2021 vun 10h00 – 15h00 virum « Centre Turelbaach » zu Mäerzeg.

FR

Vous voulez vous faire vacciner facilement et sans rendez-vous ? 

Le IMPFBUS vous accueillera le dimanche, 19.09.2021 de 10h00 à 15h00 au centre de vaccination mobile au « Centre Turelbaach » à Mertzig.

Kiermes zu Mäerzeg

Freides, 17/09

16h00 – Ouverture vun der Kiermes

Knuppautoen & Kiermesbuden

Iessen a Gedrénks mat der Marche Gourmande Mäerzeg asbl

16h30 – Hämmelsmarsch

D’Mäerzeger Musek spillt den Hämmelsmarsch duerch Niddermäerzeg.

17h00 – After Work mam DJ Bubba (bis 22h00)

Marche Gourmande Mäerzeg asbl
Covid-Check Evenement

Samsdes, 18/09

11h00 – Kiermes (bis 22h00)

Knuppautoen & Kiermesbuden

Iessen a Gedrénks mat der Marche Gourmande Mäerzeg asbl

13h00 – Hämmelsmarsch

D’Mäerzeger Musek spillt den Hämmelsmarsch duerch d’Duerf.

16h00 – Concert mat « MayB2 » (bis 19h00)

Marche Gourmande Mäerzeg asbl
Covid-Check Evenement

Sonndes, 19/09

11h00 – Kiermes

Knuppautoen & Kiermesbuden

Iessen a Gedrénks mat der Marche Gourmande Mäerzeg asbl

10h00 – Bike4all (bis 18h00)

11h30 – Concert-Apéro „Gaasserockbluesband”

De ganze Nomëtteg Gegrills, Kiermesham, Kiermesdrëpp a villes méi mat der Marche Gourmande Mäerzeg asbl

Gedrénks mat der Dëschtennis Groussbus-Mäerzeg asbl

16h00 – Concert „Gaasserockbluesband”

Tour du Duerf 2021

LU

Säit 2014 kënne lëtzebuergesch Gemengen un der Campagne « TOUR DU DUERF » deel huelen. Grënner vun dëser Campagne ass de Klimabündnis, dat gréissten Netzwierk vu Stied, Gemengen a Regiounen, dat sech fir de Klimaschutz asetzt.

A Lëtzebuerg gëtt d’Campagne vum Verkéiersbond an dem Klimabündnis Lëtzebuerg organiséiert.

Zil vum Tour du Duerf ass et de Klimaschutz ze promovéieren an d’Bierger ze encouragéiere sech mam Vëlo ze déplacéieren.

D’Gemeng Mäerzeg ass houfreg Iech kënnen matzedeelen, dass mir och dëst Joer erëm um « Tour du Duerf » deelhuelen.

Dëst Joer fënnt d’Manifestatioun vum 10. bis den 30. September 2021 statt.

Déi gefuere Kilometer kënne vun all Vëlofuerer online agedroe ginn. Des Resultater erméiglechen den Verglach vun den verschiddenen Équipen aus enger Gemeng, sou wéi och d’Gemengen ënnertenee. 

Anschreiwen kënnt Dir Iech via dëse Link: https://www.tourduduerf.lu/index.php?id=171&L=3&city_preselect=2202

FR

Depuis 2014, les communes luxembourgeoises peuvent participer à la campagne « TOUR DU DUERF ». Au niveau européen, l’initialiseur n’est autre que le Klima-Bündnis, le plus important réseau de villes, communes et régions qui se sont alliées pour supporter la protection du climat.

Au Luxembourg, la campagne est organisée par le Verkéiersbond et le Klima-Bündnis Lëtzebuerg. Le but du « Tour du Duerf » est de promouvoir la protection du climat ainsi que d’inciter les citoyens de se déplacer avec le vélo.

La commune de Mertzig est contente de pouvoir annoncer la participation à la campagne. S’engager pour la protection du climat et la qualité de vie dans notre commune joue un rôle primordial. La promotion de la mobilité douce consiste d’une mission importante.

L’année 2021, la manifestation aura lieu du 10 au 30 septembre. Un calendrier en ligne permet à chaque cycliste d’inscrire son kilométrage parcouru à vélo. Les résultats permettent de comparer les équipes d’une même commune ainsi que les communes entre elles.

L’inscription se fait par le lien suivant: https://www.tourduduerf.lu/index.php?id=171&L=3&city_preselect=2202

19/09/2021 – Bike4all – Alles op de Vëlo am Waarkdall

D’Gemenge Feelen, Groussbus a Mäerzeg organiséieren dëst Joer déi 3. Editioun vum #bike4all, Sonndes, den  19. September 2021 vun 10.00 bis 18.00 Auer.

Départ a Parcours

Offiziellen Départ ass um 10.00 Auer
De Startpunkt ass fräi wielbar.

Den Tracé ass ausgeschëldert: et gëtt ee Family- an ee ProTour. De FamilyTour ass fir Famillje mat Kanner an de ProTour fir alleguerten déi motivéiert Cyclisten déi eng Erausfuerderung sichen.

Remarque

  • Kanner fueren nëmmen a Begleedung vun Erwuessenen!
  • D’Cycliste fueren op hir eege Verantwortung a respektéieren de Code de la Route!
  • Organisatioun am Respekt vun de gültege sanitäre Reegelen!

Circulatioun

(Version française / voir -> Documents)

D’Haaptstrooss (N21) ass komplett vun Uewerfeelen bis op Groussbus fir de Verkéier gespaart. Well d’Linnebusser awer wäerten um Tracé fuere gëllt et fir d’Cyclisten opzepassen an no dem Code de la Route ze fueren. Zousätzlech ass d’Rue de Dellen vum Gemengenhaus un bis op Dellen gespaart.

D’Administratioun vum “Ponts & Chaussées” këmmert sech ëm d’Ofspäre vun den Haaptstroossen (N21, CR314, CR345). Op kommunalem Niveau musse mir d’Accèse vun den Niewestroossen op d’Haaptstrooss spären a warnen/deviéieren de Verkéier mat Zäit iwwer Beschëlderung.

Well d’Stroossen um Knapp, Luuchtebierg, Réimercité a Fléitz vum Parcours ëmkreest sinn, gëtt op der Kräizung rue Principale / um Knapp / rue Wéchen e Passage amenagéiert.

Op dem Plang fannt Dir all néideg Informatioune bezüglech der Zirkulatioun an de Spärunge wärend dem Evenement.

Falls Dir um Tracé vum Evenement wunnt a vun enger Verkéiersspärung betraff sidd an den Dag och Äert Haus musst mam Auto verloossen, biede mir Iech déi néideg Mesuren ze huelen an Ären Auto an enger Niewestrooss ze parken, ofgesinn vun engem Noutfall natierlech.

Mir soen Iech am Virfeld Merci vir Äert Versteesdemech a freeën eis op puer Stonnen autofräien Dag an eisem Duerfzentrum.

Programme

  • 10h00 – Départ / Ouverture
  • 11h30 – Concert-Apéro mat der « Gaasserockbluesband »
  • Marche Gourmande Mäerzeg asbl
    • Gegrills (Hamburger, Grillwurscht, Chicken Nuggets, etc.)
  • Dësch-Tennis Groussbus-Mäerzeg
    • Gedrénks
  • 16h00 – Concert mat der « Gaasserockbluesband »
  • Kiermesbuden & Knuppautoen
  • Fairtrade Stand
  • 18h00 – Clôture 

Challenge « Du géint de Bierg »

Vu 14.00 bis 16.00 Auer mam Luc um Klapprad a Moderatioun vum Paul.

Special guests

  • Laurent & Lex Reichling
  • Vintage Boys

Informatiounen

Documents

Aller au contenu principal