LU
Dir Dammen an dir Hären,
Léif alleguer,
Mäerzeg feiert 2025! Mir blosen d’Käerze vun direkt 5 Gebuertsdagskuchen aus: 175 Joer Porkierch, 150 Joer Chorale, 150 Joer Gemeng, 125 Joer Musek, 60 Joer Jugendpompjeeën. D’Preparatioune sinn zënter Méint am gaang a mir hunn elo, zesumme mat de Veräiner, de Programm stoen.
Elo am Ufank vum neie Joer kucke mir zeréck op eisen digitalen Adventskalenner wou eenzel grouss Evenementer schonn ugekënnegt gi sinn. Am Manifestatiounskalenner, deen an all Haushalt verdeelt ginn ass, kënnt Dir och schonn duerch déi 12 Méint vum Joer bliedere wou Dir Iech den Iwwerbléck vun den Evenementer kënnt schafen a wou Dir elo schonn häerzlech invitéiert sidd.
Mee wéi kënnt et iwwerhaapt zum grousse Gebuertsdagsjoer?
Mir fänken un am Joer 1850. Do ass eis Porkierch ageweit ginn, nodeems 2 Joer virdrun de Grondsteen geluecht ginn ass, dëst nodeems uewen an der Säitert e Steebroch vum Mäerzeger Sandsteen opgemaach ginn ass. Wärend 2 Joer si 4.000 m3 Steng mat Päerd a Leit erof an d’Duerf bruecht ginn a lokal Handwierker hunn d’Kierch a Rekordzäit gebaut. Si huet déi zwee Weltkricher iwwerstan. Am Kierchtuerm hänke véier Klacken, déi an den Téin Si, Sol#, Fa# a Mi♭ lauden.
Mat der neier Kierch hu sech ab 1850 fläisseg Geeschter, bal de Paschtouer, bal de Schoulmeeschter, ëm d’Verschéinerung vun de Gottesdéngschter beméit. Et war awer réischt 1875 wou eise Männerchouer, d’Mäerzeger Chorale Ste Cécile, deemools ënnert dem Numm „Sängerbund von Mertzig“, an d’Liewe geruff ginn ass.
Politesch gesi war dunn 1874 e markant Joer an der Geschicht vun eiser Gemeng. Do huet d‘Chamber d’“Scissioun“ vu Mäerzeg a Feelen gestëmmt. De Vote war den 20. November 1874, d’Publikatioun am Memorial den Dag drop, an d’Entrée en vigueur vum Gesetz gouf op den 1. Januar 1875 fixéiert, sou dass eist Duerf dann elo den 1. Januar 2025 offiziell 150 Joer eng autonom Gemeng ass!
Wann eis Chorale op 150 Joer kann zeréckkucken, sou war et fir eis Musek op Päischten am Joer 1900 d’Gebuertsstonn. Puer passionéiert Musikanten hunn, nodeems si op Groussbus e Kiermesconcert lauschtere waren, hir eegen Duerfmusek gegrënnt. Esou ginn déi 125 Joer elo 2025 voll!
E weidere ronne Gebuertsdag hunn dann eis Jugendpompjeeën ze feieren. 60 Käerzen sinn um Kuch auszeblosen, dëst nodeems d’Jugendsektioun 1965 vun engagéierte Pompjeeë gegrënnt ginn ass.
Mir hunn d’Chance dass am Joer 2000 déi grouss Festivitéite schéin organiséiert gi sinn. 500 Joer goufe gefeiert: d’Porkierch, de Gesank, d’Gemeng an eis Fanfare an elo 2025 hunn sech d’Jugendpompjeeë mat hire 60 Joer nach ugeschloss sou dass mir elo all zesumme 660 Joer feieren. Mir sinn immens dankbar fir déi aussergewéinlech an exemplaresch Aarbecht déi sech den Organisatiounscomité, ënnert der Präsidentschaft vum Jean-Marie Dillmann, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng deemools gemaach huet. Nieft de Festivitéiten iwwert d’ganzt Joer war et virun allem d’Editioun vum Buch „Mertzig 2000“, eng eemoleg Publikatioun iwwert d’Liewen an eiser Gemeng, d’Geschicht vu Mäerzeg, senge Gebaier, sengem Patrimoine, senge Veräiner a senge Mënschen. Mir soen dem äifregen Organisatiounscomité, den Auteuren a Fotografe villmools Merci fir hir Aarbecht.
Well d’Buch „Mertzig 2000“ zënter puer Joer vergraff ass, hu mir et am Joer 2020 professionell mat Indexéierung digitaliséiere gelooss an et steet natierlech op www.mertzig.lu zur Verfügung. Iwwerhaapt huet d’Gemeng sech déi lescht Jore mam neien Internetsite an der App eng nei digital Identitéit ginn, wou d’sozial Reseauen haut och net méi wechzedenke sinn an d’Mënsche matenee vernetzt.
D’Méiglechkeete vun der Digitalisatioun wëlle mir an Zukunft nach besser notzen an esou lancéiere mir am Gebuertsdagsjoer eise Site an enger komplett iwwerschaffter a nach méi lieweger an inklusiver Form. Doriwwer eraus gëtt aktuell och e neie Site, www.2025.lu, programméiert. Dëse Site dréint sech komplett ronderëm d’Gebuertsdagsjoer, mee net nëmmen. Et soll eng dynamesch Participatiouns-Plattform iwwert d’Liewen an d’Geschicht vun eiser Gemeng ginn. Natierlech brauche mir do Är Hëllef a mir lancéieren heimat schonn den „Appel à témoins“ fir eis virun allem Fotosmaterial zur Verfügung ze stelle fir d’Geschicht vun eiser Gemeng, senge Veräiner a senge Leit ze dokumentéieren.
Parallel ass déi lescht Méint och scho vill Filmmaterial opgeholl ginn a wou, ënnert der Regie vum Tessy Troes vu Mäerzeg, een Dokumentarfilm iwwert eis Gemeng entsteet an um Enn vum Gebuertsdagsjoer am Kader vun enger „Séance académique“ presentéiert soll ginn.
Bis dohinner steet awer nach vill Aarbecht un. Mir freeën eis op dat wat kënnt, zielen op Är Ënnerstëtzung a Participatioun, a wënschen Iech e glécklecht a schéint neit Joer bei beschter Gesondheet. Hëlleft een deem aneren, weist Solidaritéit, Respekt an Toleranz, d’fundamental Wäerter vun eiser Gesellschaft. Den Zesummenhalt ass wichteg an der Zäit wou mir liewen.
De Schäffen- a Gemengerot,
Mike POIRÉ, Buergermeeschter
Stefano D’AGOSTINO, Schäffen
Lex SCHWIND, Schäffen
Luc WEILER, Conseiller
Myriam HANSEN, Conseillère
Marcel BARROS, Conseiller
Lena GOMES, Conseillère
Carine PIETTE, Conseillère
Claude FISCHER, Conseiller
FR
Mesdames et Messieurs,
Chers tous,
Mertzig célèbre l’année 2025 ! Nous soufflons les bougies de cinq gâteaux d’anniversaire en même temps : 175 ans de l’Église paroissiale, 150 ans de la Chorale, 150 ans de la Commune, 125 ans de la Fanfare et 60 ans des Jeunes Pompiers. Les préparatifs sont en cours depuis des mois et, avec les associations, nous avons finalisé le programme.
En ce début d’année, nous revenons sur notre calendrier de l’Avent numérique, où certains grands événements ont déjà été annoncés. Dans le calendrier des manifestations distribué à chaque foyer, vous pouvez feuilleter les 12 mois de l’année et avoir un aperçu des événements auxquels vous êtes d’ores et déjà cordialement invités.
Mais comment en sommes-nous arrivés à cette grande année d’anniversaires ?
Commençons par l’année 1850. Notre Église paroissiale a été inaugurée après que la première pierre a été posée deux ans plus tôt, suite à l’ouverture d’une carrière de grès dans la « Säitert » à Mertzig. Pendant deux ans, 4000 m³ de pierres ont été transportés jusqu’au village par des chevaux et des ouvriers locaux ont construit l’Église en un temps record. Elle a survécu aux deux guerres mondiales. Quatre cloches, accordées en Si, Sol#, Fa# et Mi♭, résonnent dans son clocher.
Avec la nouvelle Église, à partir de 1850, des efforts ont été faits par les prêtres et les instituteurs pour embellir les services religieux. Cependant, ce n’est qu’en 1875 que notre chœur d’hommes, la Chorale Ste Cécile de Mertzig (appelée à l’époque « Sängerbund von Mertzig »), a été fondé.
Politiquement, l’année 1874 a marqué un tournant dans l’histoire de notre Commune. Cette année-là, la Chambre des députés a voté la « scission » entre Mertzig et Feulen. Le vote a eu lieu le 20 novembre 1874, la publication au Mémorial le jour suivant, et l’entrée en vigueur de la loi a été fixée au 1er janvier 1875. Ainsi, le 1er janvier 2025, notre village est officiellement une Commune autonome depuis 150 ans !
Si notre Chorale célèbre 150 ans d’existence, notre Fanfare a quant à elle vu le jour à la Pentecôte de l’an 1900. Quelques musiciens passionnés, après avoir assisté à un concert de kermesse à Grosbous, ont décidé de fonder leur propre Fanfare de village. Nous célébrons donc également ces 125 ans en 2025 !
Un autre anniversaire important est celui de nos Jeunes Pompiers, qui soufflent 60 bougies. La section jeunesse a été fondée en 1965 par des pompiers engagés.
Nous sommes reconnaissants qu’en l’an 2000, les grandes festivités aient été magnifiquement organisées. 500 ans d’histoire y avaient été conjointement célébrés cette année-là par l’Église paroissiale, la Chorale, la Commune et notre Fanfare. En 2025, les Jeunes Pompiers se joignent donc à la fête avec leurs 60 ans, ce qui nous permet de célébrer ensemble 660 ans d’histoire. Nous ne pouvons qu’élogier le travail exceptionnel réalisé à l’époque par le comité d’organisation sous la présidence de Jean-Marie Dillmann, en collaboration avec l’Administration communale. En plus des festivités tout au long de l’année, c’est surtout la publication du livre « Mertzig 2000 » qui a marqué l’événement, un ouvrage unique sur la vie dans notre Commune, son histoire, ses bâtiments, son patrimoine, ses associations et ses habitants. Nous remercions chaleureusement le comité d’organisation, les auteurs et les photographes pour leur travail.
Le livre « Mertzig 2000 », épuisé depuis quelques années, a été numérisé et indexé en 2020. Il est désormais disponible sur www.mertzig.lu. Ces dernières années, la Commune a également développé une nouvelle identité numérique à travers un site Internet et une application, modernes, où les réseaux sociaux jouent de nos jours un rôle clé pour connecter les habitants.
Nous voulons continuer à exploiter les possibilités du numérique. Ainsi, nous lancerons une nouvelle version encore plus dynamique, vivante et inclusive de notre site Internet à l’occasion de cette année d’anniversaire. Par ailleurs, un nouveau site – www.2025.lu – est en cours de développement. Si ce site sera entièrement dédié à l’année d’anniversaire, il servira toutefois aussi de plateforme participative dynamique sur la vie et l’histoire de notre Commune. Nous lançons donc dès maintenant un « appel à témoins » pour collecter des photos et documents afin de documenter l’histoire de notre Commune, de ses associations et de ses habitants.
Parallèlement, des enregistrements vidéo ont été réalisés ces derniers mois. Un documentaire sur notre Commune, réalisé par Tessy Troes de Mertzig, sera présenté lors d’une « séance académique » à la fin de l’année d’anniversaire.
D’ici là, il reste encore beaucoup de travail. Nous nous réjouissons de ce qui est à venir, comptons sur votre soutien et participation, et vous souhaitons une bonne et heureuse nouvelle année, en bonne santé. Aidez-vous les uns les autres, faites preuve de solidarité, de respect et de tolérance – les valeurs fondamentales de notre société. La cohésion est essentielle à l’époque où nous vivons.
Le Collège des Bourgmestre et Échevins et le Conseil communal,
Mike POIRÉ, Bourgmestre
Stefano D’AGOSTINO, Échevin
Lex SCHWIND, Échevin
Luc WEILER, Conseiller
Myriam HANSEN, Conseillère
Marcel BARROS, Conseiller
Lena GOMES, Conseillère
Carine PIETTE, Conseillère
Claude FISCHER, Conseiller