Kiermesweekend – Circulation

Kiermes

De Parking hannert der Gemeng ass gespaart vun mëttwochs den 14. September 2022 bis den 21. September 2022 mat abegraff.

Programm

Freides, 16/09

16h00 – Ouverture vun der Kiermes

Knuppautoen & Kiermesbuden

Iessen Foodtruck „FLUX”

Gedrénks mam Club des Jeunes Mäerzeg

Schampes & Quetschekraut mam FC Sporting Mertzig

16h30 – Hämmelsmarsch

D’Mäerzeger Musek spillt den Hämmelsmarsch duerch Niddermäerzeg.

17h00 – After Work  (bis 22h00)

Mam Club des Jeunes Mäerzeg

Samsdes, 17/09

11h00 – Kiermes (bis 22h00)

Knuppautoen & Kiermesbuden

Iessen mat der Marche Gourmande Mäerzeg asbl

Gedrénks mam Club des Jeunes Mäerzeg

Schampes & Quetschekraut mam
FC Sporting Mertzig

ab 13h00 – Hämmelsmarsch

D’Mäerzeger Musek spillt den Hämmelsmarsch duerch d’Duerf.

18h30
Danzoptrëtt Dréimoment op der Bühn

Sonndes, 18/09

10h00 – Bike4all (bis 18h00)

11h30 – Concert-Apéro „Gaasserockbluesband”

De ganze Nomëtteg

Gegrills mat der Marche Gourmande Mäerzeg asbl.

Gedrénks mat der Dëschtennis Groussbus-Mäerzeg asbl.

Schampes & Quetschekraut mam FC Sporting Mertzig.

Knuppautoen & Kiermesbuden

16h00 – Concert „Gaasserockbluesband”

16h00
Kiermesmatch
um Fussballsterrain

Kermesse

Le parking communal derrière la Maison communale reste fermé à partir du mercredi, 14 septembre et jusqu’au mercredi, 21 septembre 2022 inclus.

Bike4all – Alles op de Vëlo am Waarkdall

D’Gemenge Feelen, Mäerzeg a Groussbus, a Kooperatioun mat de Gemengekommissiounen an de Veräiner, organiséieren am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch (www.mobiliteitswoch.lu) an dem „Tour du Duerf“ (www.tourduduerf.lu) déi 4. Editioun vum autofräien Dag mam Fokus op de Vëlo.

Dëst Evenement fënnt de Sonndeg, 18. September 2022 vun 10.00 bis 18.00 Auer statt. Et fällt dëst Joer also och nees op de Kiermessonndeg zu Mäerzeg wou d’Gemeng mat de Veräiner de ganze Weekend e flotte Programm opgestallt huet.

D’Haaptstrooss (N21) ass komplett vun Uewerfeelen bis op Groussbus fir de Verkéier gespaart. Well d’Linnebusser awer wäerten um Tracé fuere gëllt et fir d’Cyclisten opzepassen an no dem Code de la Route ze fueren. Zousätzlech ass d’Rue de Dellen vum Gemengenhaus un bis op Dellen gespaart. D’Administratioun vum “Ponts & Chaussées” këmmert sech ëm d’Ofspäre vun den Haaptstroossen (N21, CR314, CR345). Op kommunalem Niveau musse mir d’Accèse vun de Niewestroossen op d’Haaptstrooss spären a warnen/deviéieren de Verkéier mat Zäit iwwer Beschëlderung. Well d’Stroossen um Knapp, Luuchtebierg, Réimercité a Fléitz vum Parcours ëmkreest sinn, gëtt op der Kräizung rue Principale / um Knapp / rue Wéchen e Passage amenagéiert. Op dem Plang fannt Dir all néideg Informatioune bezüglech der Zirkulatioun an de Spärunge wärend dem Evenement.

Falls Dir um Tracé vum Evenement wunnt a vun enger Verkéiersspärung betraff sidd an den Dag och Äert Haus musst mam Auto verloossen, biede mir Iech déi néideg Mesuren ze huelen an Ären Auto an enger Niewestrooss ze parken, ofgesinn vun engem Noutfall natierlech.

Mir soen Iech am Virfeld Merci vir Äert Versteesdemech a freeën eis op puer Stonnen autofräien Dag an eisem Duerfzentrum.

De Schäfferot

Dans le cadre de la Semaine européenne de la mobilité (www.mobiliteitswoch.lu) et du « Tour du Duerf » (www.toududuerf.lu), les communes de Feulen, Mertzig et Grosbous organisent, en coopération avec les commissions consultatives et les associations locales, la 4ème édition de leur journée sans voiture où l’accent est mis sur le vélo.

Cet événement aura lieu le dimanche, 18 septembre 2022 de 10h00 à 18h00, en même temps dimanche de kermesse à Mertzig où la Commune a organisé avec les associations locales un vaste programme pendant tout le weekend.

La rue Principale (N21) sera complètement fermée pour le trafic motorisé entre Oberfeulen et Grosbous. Étant donné que les lignes de bus passent toujours sur le tracé fermé, les cyclistes sont priés de faire attention et de rouler suivant le Code de la route. La rue de Dellen sera aussi fermée pour le trafic motorisé entre la Maison communale jusqu’à Dellen. L’Administration des Ponts & Chaussées mettra en place les panneaux pour le règlement des routes principales étatiques (N21, CR314 et CR345). Au niveau communal, nous sommes obligés de fermer les accès des rues secondaires à la rue Principale et le trafic sera averti et dévié à temps par des panneaux. Vu que les riverains des rues um Knapp, Luuchtebierg, Cité des Romains et Floetz sont encerclés par le parcours, un passage sera mis en place au croisement rue Principale / um Knapp / rue Wéchen. Un deuxième passage sera mis en place au croisement rue Principale / rue Colmar-Berg / rue de Dellen pour garantir un passage aux équipes du match de football et leurs spectateurs. Veuillez trouver sur le plan joint les informations nécessaires pour la circulation ainsi que les routes barrées pendant l’événement.

Si vous êtes concernés par le tracé de cet évènement et que vous devez vous déplacer ce jour-ci avec la voiture, nous vous prions de prendre les précautions nécessaires et de vous stationner dans une rue secondaire, sauf un cas d’urgence bien évidemment.

Nous vous remercions de votre compréhension et nous nous réjouissons de passer quelques heures sans voiture au centre de notre village.

Le Collège des Bourgmestre et Échevins

Documents

Aller au contenu principal