No der GWÖ-Theorie mam Christian Felber am Juni kënnt elo d’Praxis.
De Workshop dréint sech ëm folgend Froen:
- Wéi verleeft d’GWÖ-Bilanzéierung?
- Wat bedeiten d’GWÖ-Wäerter (z.B. Mënschewierd, Solidaritéit) konkret?
- Wat bréngt d’GWÖ-Bilanzéierung der Gemeng a mir selwer?
Um Enn vum Workshop solle sech Teams fannen, déi de Gemeinwohl-Bäitrag vun der Gemeng Mäerzeg aus Mataarbechter- a Biergersiicht a weidere Workshops am 1. Trimester 2020 bewäerten.
An Zesummenaarbecht mam GWÖ-Beroder Gregor Waltersdorfer invitéiert Iech d’Gemeng Mäerzeg ganz häerzlech op dëse WORKSHOP de
Mëttwoch, 20. November 2019 vun 19h00 – 21h00
am Gemengenhaus
De Workshop fënnt op Lëtzebuergesch an Däitsch statt.
Mir bieden Iech w.e.g. eng kuerz Mail op mertzig4all@mertzig.lu ze schécken oder unzeruffen um 838244-1 fir Iech unzemellen.