6 Gemengen – een Zil: Vum Wëlle Westen bis an d’Éislek duerch de Waark- a Sauerdall!
D’Gemengen Feelen, Groussbus-Wal, Ettelbréck, Buurschent, Ierpeldeng a Mäerzeg invitéieren op déi 6. Editioun vum #bike4all sonndes, de 15. September 2024 vu moies 10h00 bis 18h00.
Départ a Parcours
Offiziellen Départ ass um 10.00 Auer
De Startpunkt ass fräi wielbar.
Um 11h00 start d’Randonnée mam Fränk Schleck zu Mäerzeg!
Remarque
- Kanner fueren nëmmen a Begleedung vun Erwuessenen!
- D’Cycliste fueren op hir eege Verantwortung a respektéieren de Code de la Route!
Circulation
D’Haaptstrooss (N21) ass fir de Verkéier gespaart vun Uewerfeelen aus kommend bis op d’Héicht vun der Gemeng. Well d’Linnebusser awer wäerten um Tracé fuere gëllt et fir d’Cyclisten opzepassen an no dem Code de la Route ze fueren. Zousätzlech ass d’”Rue de Merscheid” laanscht Gemengenhaus gespaart an d’”Rue de Dellen” vun der Kräizung “Rue de Dellen”/”Rue de Merscheid” a Richtung Dellen. D’Administratioun vum “Ponts & Chaussées” këmmert sech ëm d’Ofspäre vun den Haaptstroossen (N21, CR345). Op kommunalem Niveau musse mir d’Accèse vun de Niewestroossen op d’Haaptstrooss spären a warnen/deviéieren de Verkéier mat Zäit iwwer Beschëlderung. Op der Kräizung “Rue Principale”/”Rue Colmar-Berg”/”Rue de Dellen” gëtt e Passage amenagéiert.
Programme
- 10h00 – Départ / Ouverture
- 11h00 – Départ Randonnée mam Fränk Schleck
- Iessen a Gedrénks:
– Marche Gourmande Mäerzeg asbl:
Gegrills, Fritten a Flammkuchen
– Dësch-Tennis Groussbus-Mäerzeg:
Gedrénks
- 13h00 – Concert « Eislécker Stëmmungsbléiser »
- 16h00 – Concert « Gaasserockbluesband »
- Kiermesbuden & Knuppautoen
- Vëlosparcours fir Grouss a Kleng
- Fairtrade Stand
- 17h00 – Kiermesmatch – FC Sporting Mäerzeg – FC Jeunesse Useldange
- 18h00 – Clôture
Climbing Challenge
Info
www.bike4all.lu