Nordstadjugend

Allgemeng Informatiounen

D’Norstadjugend a.s.b.l. ass 2006 gegrënnt ginn mam Ziel Jugendaarbecht an deene 6 Nordstadgemengen (Bettenduerf, Colmar-Bierg, Dikrich, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren) ze garantéieren. 2013 schléisse sech d’Gemengen Feelen a Mäerzeg der Nordstadjugend un, 2016 kënnt Befort  an 2019 Bourschent mat dobai. Eng weider Vergréisserung stoung 2022 um Programm mat dem Iernzdall an der Gemeng Noumer. 

Nët nëmmen op der Landkaart huet sech d’Nordstadjugend vergréissert, och an den Déngschtleeschtungsberaicher koumen Offeren dobai: 
Niewt der regioneler Jugendaarbecht , an de Jugendhaiser Dikrich an Ettelbréck an der Koordinatioun vun deene vereenzelte Beräicher, koum am Joer 2015 de Service « Jugendwunnen » dobai, dee Jonken am Alter tëscht 18 a 26 Joer a Wunnéngsnout zur Hand goe soll, an ingesamt iwert 20 Zëmmere verfügt.

2018 huet d’Nordstadjugend de Ludobus kaaft, e Spillmobil, deen uechter d’Gemengen ënnerwee a bei di Jonk op den Terrain fiert. 
Nieft de Raimlechkeeten, der alldeeglecher Betreiung an der Ulaafstell, déi deene Jonken an den 2 Jugendhaiser zur Verfügung stinn, ginn an der Regioun iwwert d’Joer verschidde Projet’en, Aktivitéiten a Workshope zu deenen ënnerschiddlechsten Themen ugebueden (Kultur, Sport, Präventioun, Informatioun,…).

Aktuell schaffen 15 qualifizéiert Mataarbechter fir d’Nordstadjugend.

Kontakt

Nordstadjugend

7, avenue de la gare
L-9233 Diekirch
Tel.: +352 80 91 65 – 21

Email: koordinatioun@nordstadjugend.lu 

Site: https://2023.nordstadjugend.lu/#/

Aller au contenu principal