12/06/2024 – Trëppeltour mam Sicona – Wat wiisst a kraucht laanscht eis Weeër?

D’Gemeng Mäerzeg an de SICONA invitéieren op een Trëppeltour zum Thema :

Wat wiisst a kraucht laanscht eis Weeër?
Weeränner als Liewensraum fir wëll Planzen a Déieren

Wéini: 12.06.2024 um 18h00

Wou: Kräizung Luchtebierg/Tonnheck – Mäerzeg (http://g-o.lu/3/pM0w

Umeldung: administration@sicona.lu /  26 30 36 25

Wien kennt et net, Weeränner voller Bléien an deenen et virun allem vu Wëllbeien, Päiperleken an aneren Insekten nëmmen esou summt a brummt. Leider ginn dës Weeränner an eiser intensiv genotzter Kulturlandschaft ëmmer méi rar. De Naturschutzsyndikat SICONA féiert dofir an de Membersgemenge Kartéierungen vu Weeränner duerch a beréit d‘Gemengen, wéi een dës erhalen a fleege kann.

Am Kader vun engem Spadséiergang (ca. 3,5 km) ginn déi verschidde Vegetationstypen vun de Weeränner an der Mäerzeger Ëmgéigend mat hire Besonneschkeeten an den do liewende Planzen an Déiere virgestallt. Mir bidden Iech d’Méiglechkeet, d’Weeränner nei ze entdecken an als ökologesche Liewensraum kennen ze léieren. Empfeelungen zum Erhale vun der Aartevillfalt ronnen de Programm of.

De Tour dauert ca. 2 Stonnen. Dem Wieder ugepasste Kleedung a fest Trëppelschong net
vergiessen.

Sprooch vun der Aktivitéit: Lëtzebuergesch/Däitsch.

Aller au contenu principal