Aërt Kand huet Schwieregkeeten a verschiddene Fächer. Et kritt sech net richteg organiséiert an huet déi ideal Method nach net fonnt, fir ze léieren oder et traut sech wéineg zou. Dir hutt net genuch Zäit / Méiglechkeeten, fir Äert Kand ze ënnerstëtzen oder dir kritt iech an d`Hoer, wann dir zesumme léiert. Fannt eng effikass Léisung: Senioren, déi Nohëllefstonne ginn !
Wie si mir ?
E Service fir Nohëllefstonnen, koordinéiert vum MEC asbl, mat motivéierte Senioren, déi eng extra Formatioun gemaach hunn, an déi Loscht hunn hiert Wësse weiderzeginn a mat Kanner aus dem Fondamental, déi Problemer mam Léierstoff an der Schoul hunn, ze schaffen.
Wéi funktionéiert
de Service ?
E Rendez-vous tëscht dem MEC asbl, den Elteren an dem Kand fir zesummen ze definéieren, wéi a wou d’ Nohëllefstonne stattfannen
Duerno gëtt eng Entrevue tëscht dem MEC asbl, den Elteren, dem Kand an dem Senior organiséiert
Eng professionell Begleedung vun den Aktivitéiten
D’Eltere bezuelen eng Bedeelegung vun 10.- Euro pro Seance (1 Stonn), Leit déi Sozialhëllef bezéien, bezuele 5.- Euro
Nohëllefstonne vu
Seniore fir Kanner:
eng Offer, déi nëmme
Virdeeler huet!!
Senioren hu vill Liewenserfarung an Tricken, déi se gäre mat de Kanner deelen
Senioren hu méi Gedold
Senioren hu méi Zäit an ëmmer en oppent Ouer
D’Kand kritt méi Selbstvertrauen a seng Fäegkeeten
D’Nohëllefstonne fannen an engem neutrale Kader statt, ouni Alldagsstress a Streidereien
Contact
De schoulesche Begleedungservice gëtt vun der MEC asbl ugebueden an Zesummenaarbecht matt denen 10 Gemengen aus dem Réidener Kanton, an de Gemenge Bissen, Colmer-Bierg a Mäerzeg.
MEC asbl
9, rue André Duchscher L-6434 Echternach Tél.: 26 72 00 35 | 621 66 92 12 info@mecasbl.lu www.mecasbl.lu