Vakanzenaktivitéiten
Vum 07. bis den 19. Februar 2022 organiséiert d’Nordstadjugend verschidden Vakanzenaktivitéiten!
Weider Infoen an umellen kënnt Dir Iech ënnert: http://2019.nordstadjugend.lu/vakanzenaktiviteacuteiten.html
Theaterprojet "Féier eng op"
„Féier eng op“ ass e flotten Theaterprojet dee vun der Nordstadjugend organiséiert gëtt.
Ziel vun dem Projet ass, dass déi Jonk sech kënnen op kënschtlecher Aart op oder hannert enger Bün ausdrécken an hiert eege Konschtstéck mat engem Optrëtt am CAPE virstellen: mat hirem Message, hiren Iddien, hirer Konscht.
Se kënnen, mussen awer keng Erfarung hunn. Déi Jonk sollen sech op engem vun de Schnupperdeeg e Bild vun de Workshops maachen, a kucken wat alles ugebuede gëtt, natiirlech onverbindlech.
All Aarte vu Konscht si wëllkomm:
Musek: danzen, sangen, rappen, Beatbox,….
Schauspillerei: schwätzen, danzen, Pantomim,…
Bünebild: molen, bitzen, Schräinerei, Design,….
Hannert der Bün: Text vum Stéck, Luucht, Organisatioun, Technik,….
Mell dech an Entscheed eréischt no dem Schnupperstage ob respektiv wat’s du maache wëlls.
Weider Infoen an umellen kënnt Dir Iech ënnert: http://2019.nordstadjugend.lu/feacuteier-eng-op.html