9. Mee 2021 – Europadag

Europa huet dat zesummebruecht, wat zesumme gehéiert. Europa, dat ass en Zesummeschaffen an en Zesummeliewen. Europa, dat si Frëndschaften a Partnerschaften. Europäer ze sinn, bedeit zënter 76 Joer, ouni Krich kënnen ze liewen. Mat ville Fräiheeten, Garantien a Rechter. All dat baséiert op wirtschaftlecher a politescher Stabilitéit vun der Europäescher Unioun. An op der Solidaritéit ënnert de Länner an de Mënschen.

Europa ass och en Europa vun de Gemengen a vun de Stied. Well et ass do, wou d’Leit doheem sinn a liewen. 

De Schäffen- a Gemengerot

#EuropeDay #Europe #Mertzig4all 

 

Aller au contenu principal